De Kompass

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Kompass ass de Periodique vun de lëtzebuergesche Jugendherbergen. En dréit den Ënnertitel "Le magazine des auberges de jeunesse luxembourgeoises". De Kompass gëtt op mannst véier Mol am Joer an enger Oplo vu 4.000 Exemplaire vun der Zentral vun de lëtzebuergesche Jugendherbergen erausbruecht.

Déi éischt Editioun koum 1940 am Zweete Weltkrich op Initiativ vum Carlo Hemmer eraus. De Kompass war deemools dat offiziellt Organ vun der Ligue nationale luxembourgeoise pour les auberges de la jeunesse.

1997 gouf d'Konzept an d'Ausgesi vum Kompass erneiert, bis Februar 2010 koume 50 Nummeren eraus[1].

Am Kompass kommen hautdesdaags dräi Sproochen zum Asaz: Däitsch, Lëtzebuergesch a Franséisch.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Den Numm vum Blietchen

De Kompass hat am Laf vu der Zäit verschidden Nummvarianten, z. B.:

  • Mitteilungsblatt "De Kompass"
  • De Kompass : Zäitschrëft vum AJISSEM

Et gouf eng aner Publikatioun zu Lëtzebuerg mat dem selwechten Titel: De Kompass : Zeitschreft fir d’Chefs, d’Rover an d’Frënn vun de "Letzeburger Scouten", Nofolger vun der Chefzeidong fir d’Letzeburger Scouten. Si ass tëschent 1948 an 1973 8 bis 9 Mol am Joer vun de Lëtzebuerger Scouten erausbruecht ginn [2].

[änneren] Referenzen a Notten

  1. D'Nr. 50 datéiert vum Februar 2010.
  2. Folgend Titelen huet dës Publikatioun nach gedroen:
    • De Kompass : Schreft fir d’Chef, Rover a Frenn vun de "Letzeburger Scouten" (vun der Nr. 10/1949 un)
    • De Kompass vun de Letzeburger Scouten (vun 1955 bis 1956)
    • De Kompass (vun 1961 un)
    1973 gouf d'Bliedchen ëmgenannt: "Komet : Zäitschrëft vun de Letzeburger Scouten".

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Notten

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht