Den Dram vun der rouder Kummer
Den Dram vun der rouder Kummer, op Chinesesch 红楼梦 / 紅樓夢 Hóng Lóu Mèng, och genannt „D'Geschicht vum Steen“, op Chinesesch 石头记 / 石頭記 Shítóu Jì, ass ee vun deene bekannteste klassesche Romaner aus dem ale China. E gehéiert zu de véier klassesche Romaner vu China.
Den Auteur Cáo Xuěqín (曹雪芹, Tsao Hsüe Kin) (1715-1764), dee seng Aarbecht ëmmer nees iwwerschafft huet, konnt säi Projet, iwwer honnert Kapitelen ze schreiwen, net fäerdeg kréien. 1792 ass eng vum Gāo È (高鹗 / 高鶚, Kao O) op 120 Kapitele verlängert Editioun gedréckt ginn.
Et ass eng filigran verschachtelt Geschicht mat iwwer 350 Figuren. An et geet em d’Entwécklung an der Verfall vun enger Aristokratefamill aus der Mandschurei. Dat Ganzt ass reduzéiert op d’Krankegeschicht vun engem asiozialen, degeneréierte Schwächleng, deen duurch Depressiounen erduerch een no Baussen hin suergefräit dekadent Liewe féiert.
Well den Cao O d’Enn e bëssen "adaptéiert" huet, fir der Zensur vum Keeser z'entgoen, huet déi Versioun de sozialkriteschen Hannergrond verluer.
Dëse Roman gëllt als als déi gelongensten Duerstellung vum China an der Zäit vun der Qing-Dynastie (1644 - 1912).
1932 ass am Insel Verlag eng däitsch Editioun vum Franz Kuhn erauskomm, déi 1953 nei opgeluecht gouf. An där felen 200 Säiten.
Als "lescht" Editioun gëllt déi vum Feng Qiyong, déi 1953 zu Peking an dräi Bänn erauskoum. Dodra sinn déi 80 Kapitelen vum Cao Zhan an déi lescht 40 vum Cao O.
Um Spaweck [änneren]
- "Annotated Chinese Text" with manually edited mouseover popups. (en)
- Book summary and analyses from CliffsNotes (en)
- An Introduction to Editions of the Red Chamber, David L. Steelman, The Scholar, 1981 (en)
- Outline of Dream of the Red Chamber (en)
- Red on Gold: Teaching Honglou meng in California (en)
- Article on China Central Television Program about Red Chamber - China Daily. Raymond Zhou. November 12, 2005. (en)
| Commons: Dream of the Red Chamber – Biller, Videoen oder Audiodateien |