Dichloromethan
| Dichloromethan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | Dichloromethan |
| Trivialen Numm | Methylenchlorid |
| Chemesch Formel | CH2Cl2 |
| Ausgesinn | duerchsiichteg Flëssegkeet |
| Eegeschaften | |
| Dicht | 1.3266 g/cm3 |
| Léislechkeet | 13 g/l bei 20 °C (am Waasser) |
| Molmass | 84.93 g/mol |
| Schmëlzpunkt | -96.7 °C |
| Kachpunkt | 40 °C °C |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie
|
−124.3 KJ·mol−1 |
| Standardentropie
|
174.5 J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie
|
-602.50 KJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Ähnlech Molekülen | Monochloromethan Trichloromethan Tetrachloromethan |
| Chemesch Famill | Chlorkuelewaasserstoffer |
Dichloromethan ass een vun de véier chloréierten Derivatsproduiten vum Methan.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Physikalesch Eegeschaften
Dichloromethan ass eng beweeglech a flüchteg Flëssegkeet, déi no Chloroform richt. En ass léislech am Alkohol an am Ether.
[änneren] Chemesch Eegeschaften
Dichloromethan ass net entzündlech a forméiert mat Loft keen explosivt Gasgemësch.
[änneren] Hierstellung
Dichloromethan gëtt duerch Substitutioun vum Waasserstoff duerch Chlor aus Monochloromethan hiergestallt.
[änneren] Uwendung
An der Industrie gëtt Dichloromethan als Léisungsmëttel benotzt. Doniewent ass en a verschidde Farwentferneren dran enthalen a gëtt geholl fir Phosgen hierzestellen. Dichloromethan soll a loftdicht Behältere gelagert ginn.
[änneren] Auswierkungen op d’Gesondheet
D'Dämp vum Dichloromethan si gëfteg a verursaache Kappwéi a Dronkenheet a reizen d'Aan. Si kënne bis zum Koma an Doud féieren. Wann een CH2Cl2-Dämp chronesch anotmet, triede Mo- and Daarmstéierungen a Symptomer vu Vergëftung op.
[änneren] Literatur
- Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition
