Chloroform

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Chloroform
Chloroform
Systemateschen Numm (IUPAC) Trichloromethan
Trivialen Numm Chloroform
Chloroformium Anestheticum
Chlorformum pro Narcosi
Chemesch Formel CHCl3
Ausgesinn duerchsiichteg Flëssegkeet
Eegeschaften
Dicht 1.483 g/cm3
Léislechkeet 8 g/l bei 20 °C (am Waasser)
Molmass 119.38 g/mol
Schmëlzpunkt -63.5 °C
Kachpunkt 61.2 °C °C
Thermodynamesch Daten
Standard Formatiounsenthalpie
ΔfH0
–134.3 KJ·mol−1
Standardentropie
S0
 ? J·K−1·mol−1
Verbrennungsenthalpie
ΔcH0
–473.2 KJ·mol−1
Weideres
Ähnlech Molekülen Monochloromethan
Dichloromethan
Tetrachloromethan
Chemesch Famill Chlorkuelewaasserstoffer

Chloroform oder Trichloromethan ass ee vun de véier chloréierten Derivatsproduiten vum Methan.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Physikalesch Eegenschaften

Chloroform ass eng flüchteg a beweeglech Flëssegkeet. Si huet en agreabele Geroch a e brennend, séissleche Goût. En ass léislech an organesche Léisungsmëttel wéi zum Beispill Alkohol, Ether an e bëssen am Waasser.

[änneren] Chemesch Eegenschaften

Chloroform ass net entzündlech. Wann en der Loft an dem Liicht ausgesat ass, oxydéiert Chloroform lues a lues zu denen héichgëftege Substanze Chlor a Phosgen. Fir dës graduell Oxydatioun ze stoppen a de Phosgen, den entstanen ass, ze zersetzen, enthält Chlorform ëmmer 1 bis 2% Alkohol.

[änneren] Hierstellung

Chloroform gëtt duerch Substitutioun vum Waasserstoff duerch Chlor aus Dichloromethan hiergestallt.

\mathrm{CH_2Cl_2 + Cl_2 \longrightarrow CHCl_3 + HCl}

[änneren] Uwendung

Fréier gouf Chloroform als Anesthésiant duerch Anotme benotzt. Mä en ass mëttlerweil duerch aner Produiten ersat ginn, well e gëfteg a geféierlech ass. Chloroform gëtt awer nach als Léisungsmëttel gebraucht. E soll a loftdichte Behälter gelagert ginn a vu Liicht an Temperaturen vu méi wéi 30 °C geschützt ginn.

[änneren] Auswierkungen op d’Gesondheet

Et soll een direkte Kontakt mat Chloroform evitéieren, well en d'Haut an d'Schläimhaut reizt an iwwert d’Haut an de Kierper gelaangt a den Organismus vergëft.

[änneren] Literatur

  • Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition

[änneren] Um Spaweck

Commons: Chloroform – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen