Diddelenger Museksschoul

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mayer-Uergel an der Diddelenger Museksschoul.

D'Diddelenger Museksschoul ass de 7. Dezember 1946 gegrënnt ginn. Am Ufank goufe Coursen ugebuede fir Solfège, Gesang a Blosinstrumenter. 1951 si Coursë fir Piano, Gei an Cello derbäikomm.

Vun 1986 u sinn d'Aktivitéite vun der Museksschoul regional ausgedeent ginn. Vun do un ass d'Zuel vun ongeféier 150 Schüler kontinuéierlech eropgaangen.

Haut (2016) huet d'Museksschoul bal 1000 Schüler an zirka 50 Enseignanten, déi 1700 Coursen halen. D'Schüler kommen aus de Gemengen Diddeleng, Beetebuerg, Réiser a Weiler zum Tuer

D'Museksschoul huet hire Sëtz am Gebai vum Kulturzentrum Opderschmelz, respektiv dem Centre national de l'audiovisuel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]