Dikrecher Wéngerten

Vu Wikipedia

Dikrech, haut éischter als Béierstad bekannt, hat am Mëttelalter och Wéngerten, déi besonnesch op de géie Südhäng vum Härebierg ugeplanzt waren. Sou steet am Merian, Topographica Germaniae (Burgund und Niederlande), aus dem Joer 1659 ënner “Diekirch”: "Es wächst da herumb / auf Luxemburg zu / eine großße Menge Weins". Den Urspronk vun den "Dikrecher Ieselen" soll vum Asaz vun Iesele bei der Bewirtschaftung vun dëse géien Häng hierkommen. Fir d'éischt gëtt de Verkaf vun Dikrecher Wäin 1380 ernimmt, wou dem Michel Pauly no, (Virtrag bei der 750 Joer Feier vun Dikrech ) um Maart eng Mooss fir Wäi festgeluecht gouf.

A verschiddene Schrëftstécker aus der Zäit vu 1640 bis 1722 ginn nieft dem Härebierg nach déi heite Flouernimm am Kontext Wäibau ernimmt: an de Wangerten, Häemerich's Wangerten, Wolsberich, Hessenkrätzer, an Hoov [?], Schönschleyden [?], Boventhal, Hillebörnchen [?], Heedewangerten, d'Baach aus, am Näelgeswee, hannert der Millen.[1] An engem Dokument vum Iechternacher Abt Johannes Bertels gëtt et eng Zeechnung vun der Stad Dikrech, wou d'Riewen un den Häng vum Härebierg gutt z'erkenne sinn.[1] Dat Dokument befaasst sech mat den Abgabe vun Dikrech un d'Klouschter vun Iechternach, dat als Entschiedegung fir eng Landoftrennung en Zéngtel (Nona) vun der Rekolt krut. Dem J.P. Glaesener no, soll d'Klouschter doduerch bis zu 80 Fudder Wäin am Joer kritt hunn. Dat entsprécht enger Joresproduktioun vun 800 Fudder, wat dem Glaesener allerdéngs héich virkomm ass.

Vum Philipp dem Schéine krut Dikrech 1501 d'Recht fir de Wäi mat enger Tax fir den Ënnerhalt vun der Stadmauer ze belaaschten.[1] Spéider gouf souguer festgeluecht, datt kee frieme Wäin däerft gedronk ginn, dees de lokale Wäi wier opgebraucht. Dem Jules Vannérus no (Rechnunge vun de Maartvogten aus dem 17. Joerhonnert ) goufe souguer 2 Bierger bestrooft, well se géint dës Virschrëft verstouss haten.

No dem grousse Frascht vu 1709 soll de gréissten Deel vun de Riewen erfruer sinn. Duerno ass et roueg ëm den Dikrecher Wäibau ginn, vun deem no 1722 näischt méi ze héiere war.[1] Op méi klengem Niveau mussen awer weider Riewe bestanen hunn. Sou steet am Zivilregëster vun 1840 e Wënzer mam Numm Jean-Pierre Hein, dee vun Wuermer op Dikrech koum. Am Buch "Diekirch et ses environs. Esquisse historique et topographique." schwätzt den Dr. J. P. Glaesener vun 3-4 méi klenge Wéngerten, déi nach 1880 bestanen hätten. D'Drauwe wieren awer haaptsächlech giess ginn. Op Postkaarten a Fotoen, déi eréischt vun 1895 un am Ëmlaf waren, sinn allerdéngs keng Wéngerte méi ze gesinn. Interessant ass, datt en Entreprener vu Gilsdref erëm kierzlech ugefaangen huet, Wäiriewen an enger Steekaul zu Gilsdref unzeplanzen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Folia Synoptika, Livre Souvenir du 750e anniversaire de l'affranchissement de la ville de Diekirch, Luxemburg 2011
  • Bertels Johannes, Manuskript über die Einnahmen der Abtei Echternach, Echternach 1597
  • Glaesener Jean-Pierre, Diekirch et ses environs. Esquisse historique et topographique à l'usage des touristes dans le Grand-Duché de Luxembourg, Diekirch, 1880
  • Herr Jos, Diekirch-Bevölkerung und Verwaltung, Diekirch, 1960
  • Merian, Topographia Germaniae (Burgund und Niederlande), Deuschland 1659, S. 226f
  • Van Werveke N., Kulturgeschichte des Luxemburger Landes, Band II, Luxemburg 1923

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 750e anniversaire de l'affranchissement de la ville de Diekirch: Saviez-vous que... (N° 59 - N° 61). [1]