Dräi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
3
Déi natierlech Zuel Dräi ass d'Nofolgerin vun der Zwee an d'Virgängerin vun der Véier. Et ass déi éischt ongerued Primzuel.
Dräi ass och déi éischt Mersenne-Primzuel, déi éischt Fermat-Primzuel, déi zweet Sophie-Germain-Primzuel, an déi véiert Zuel vun der Fibonacci-Serie.
[änneren] Dräi an der Konscht
E Konschtwierk, dat aus dräi Deeler besteet, ass en Triptychon; an der Musek oder an der Literatur gëtt et Trilogie genannt.