Egon Schiele

Vu Wikipedia
Egon Schiele
Gebuertsnumm Egon Leo Adolf Ludwig Schiele
Gebuer 12. Juni 1890
Gestuerwen 31. Oktober 1918
Wien
Doudesursaach Spuenesch Gripp
Educatioun Akademie der bildenden Künste Wien
Aktivitéit Moler, Graveur, Zeechner, Fotograf, Architekt, Sculpteur
Selbstportrait, 1912

Den Egon Leo Adolf Ludwig Schiele, gebuer den 12. Juni 1890 zu Tulln an der Donau, Nidderéisträich a gestuerwen den 31. Oktober 1918 zu Wien, war en éisträichesche Moler deen zum Stil vum Expressionismus gezielt gëtt. Hie gëtt, nieft dem Gustav Klimt an dem Oskar Kokoschka, zu engem vun de gréisste Kënschtler vun der Wiener Moderne gezielt.

Hien ass scho mat 16 Joer op d'Akademie der Bildenden Künste zu Wien opgeholl ginn, wou en awer no zwee Joer d'Flemm krut a mat anere Kommilitonen d'Neukunstgruppe gegrënnt huet. Hien huet 1907 säin éischten Atelier opgemaach an 1908 eng éischte Kéier bei enger Ausstellung matgemmach. Iwwer de Konschtkritiker Arthur Roessler huet hien d'Konschsammler Carl Reininghaus an Oskar Reichel kennegeléiert, déi et him erméiglecht hunn, Commanden ze kréien, a vu senger Konscht kënnen ze liewen.

1911 ass e mat senger Frëndin Wally Neuzil, dat dacks fir hie Modell gestanen huet, op Krumau geplënnert, wou seng Mamm hier koum, spéiderhin op Neulengbach, an 1912 hannescht op Wien. Dank dem Gustav Klimt konnt en do, trotz sengem schlechte Ruff - datt en onbestuet mat senger Frëndin gekummert war, huet vill Leit net gepasst, a wéinst senge villen Nuen hat en e Ruff als Pornograph - séier nees Fouss faassen. 1913 gouf e Member vum der Bund Österreichischer Künstler. 1914 goufe, ouni säin Accord, Gedichter vum Schiele an der Fackel verëffentlecht. Bis 1916 huet hien e puermol theoreetesch a literaresch Texter an der Berliner Zäitschrift Die Aktion erausbruecht.

1915, huet hie seng Frëdin Edith Harms bestuet, déi vun him verlaangt huet, hie sollt sech vum Wally Neuzil ewechhalen. Hien ass an d'Arméi agezu ginn, wou en Bürosaarbecht huet misse maachen, ma och am Militärgeschichtleche Musée eng Ausstellung organiséieren duerft.

Nom Doud vum Gustav Klimt am Februar 1918 ass de Schiele an der Wiener Konschtszeen séier geklommen; sou war déi 49. Ausstellung vun der Wiener Secession him dediéiert, an hien huet do 19 grouss Uelechtableauen an 29 Zeechnungen ausgestallt. Mee schonn am Hierscht ass hien der Spuenescher Gripp, sou wéi och seng Fra, zum Affer gefall.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Österreichische Galerie Belvedere (Hrsg.): Egon Schiele - Gemälde. Ausstellung zur 50. Wiederkehr seines Todestages (Österreichische Galerie, 5. Apr. - 15. Sept. 1968), Wien 1968
  • Rudolf Leopold: Egon Schiele. Gemälde, Aquarelle, Zeichnungen. Residenz, Salzburg 1972
  • Alessandra Comini: Egon Schiele's portraits. University of California Press, Berkeley 1974, ISBN 0-520-06869-6.
  • Erwin Mitsch: Egon Schiele. 1890–1918, dtv, München 1975, ISBN 3-423-01064-9
  • Christian M. Nebehay: Egon Schiele. 1890–1918. Leben, Briefe, Gedichte. Residenz, Salzburg 1979
  • Egon Schiele. Aquarelle und Zeichnungen, Kestner-Gesellschaft, Hannover, Katalog zur Ausstellung vom 23. April bis 13. Juni 1982
  • Christian M. Nebehay. Egon Schiele. Leben und Werk in Dokumenten und Bildern. dtv, München 1985, ISBN 978-3-423-02884-4
  • Ludwig Schmidt: Egon Schiele. Berghaus, Kirchdorf 1989, ISBN 3-7635-0122-3
  • Christian M. Nebehay: Egon Schiele. Von der Skizze zum Bild. Die Skizzenbücher. Christian Brandstätter, Wien 1989, ISBN 3-85447-320-6
  • Serge Sabarsky: Egon Schiele. Gemälde aus amerikanischen Sammlungen (Österreichische Galerie, 22. November 1991 bis 1. März 1992), Wien 1991
  • Jane Kallir: Egon Schiele. The complete works. Including a biography and a catalogue raisonne. Expanded edition. Harry N. Abrams, New York 1998, ISBN 0-8109-4199-6
  • Rudolf Leopold: Egon Schiele. Die Sammlung Leopold. DuMont, Köln 1998, ISBN 3-7701-4585-2
  • Reinhard Steiner: Schiele. Die Mitternachtsseele eines Künstlers. Taschen, Köln 1999, ISBN 3-8228-6373-4
  • Jane Kallir: Egon Schiele. Aquarelle und Zeichnungen. Hrsg. von Ivan Vartanian, mit einem Vorwort von Richard Avedon. Aus dem Englischen übersetzt von Brigitte Hilzensauer, Christian Brandstätter, Wien 2003, ISBN 3-85498-236-4
  • Hermes Andreas Kick: Eros, Pathos, Ekel. Ambivalenz und Gestaltungskraft im Werk von Egon Schiele. in dsb., Hg.: Ekel. Darstellung und Deutung in den Wissenschaften und Künsten. (Symposions-Beitrag 2000) Guido Pressler Verlag, Hürtgenwald 2003 ISBN 3-87646-101-4
  • Tobias G. Natter, Ursula Storch (Hrsg.): Schiele & Roessler. Der Künstler und sein Förderer. Kunst und Networking im frühen 20. Jahrhundert. Hatje Cantz, Ostfildern-Ruit 2004, ISBN 3-7757-1479-0.
  • Leopold Museum Privatstiftung (Hrsg.): Egon Schiele. Landschaften. Prestel, München 2004, ISBN 3-7913-3214-7.
  • Klaus Albrecht Schröder: Egon Schiele. Eros und Passion. Prestel, München 2004, ISBN 3-7913-3098-5
  • Klaus Albrecht Schröder (Hrsg.): Egon Schiele. Prestel, München 2005, ISBN 3-7913-3533-2
  • Erotic Sketches. Erotische Skizzen. Egon Schiele. Prestel, München 2005, ISBN 3-7913-3431-X.
  • Renée Price (Hrsg.): Egon Schiele. The Ronald S. Lauder and Serge Sabarsky Collections. Prestel, München 2005, ISBN 3-7913-3390-9
  • Isabel Kuhl: Living Art. Egon Schiele. Prestel, München 2006, ISBN 978-3-7913-3703-6
  • Tobias G. Natter, Thomas Trummer: Die Tafelrunde. Egon Schiele und sein Kreis. Meisterwerke des österreichischen Frühexpressionismus (Österreichische Galerie Belvedere, Wien, 14. Juni - 24. September 2006). DuMont, Köln 2006, ISBN 3-8321-7700-0
  • Lewis Crofts: The Pornographer of Vienna. Old Street Publishing, London 2007, ISBN 1-905847-12-2.
  • Elisabeth von Samsonow: Egon Schiele - Ich bin die Vielen. Passagen Verlag, Wien 2010, ISBN 978-3-85165-954-2
  • Helmut Friedel, Helena Pereña (Hrsg.): Egon Schiele. "Das unrettbare Ich", Wien u.a. 2011, ISBN 978-3-86832-082-4.
  • Agnes Husslein-Arco/Jane Kallir: Egon Schiele - Selbstporträts und Porträts (Belvedere Wien, 17. Februar - 13. Juni 2011), München u.a. 2011, ISBN 978-3-7913-5108-7
  • Elisabeth von Samsonow:Egon Schiele - Sanctus Franciscus Hystericus, Passagen Verlag, Wien 2012, ISBN 978-3-70920-063-6
  • Xavier Coste: Egon Schiele. Ein exzessives Leben. Knesebeck, München 2013, ISBN 3-86873-603-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Egon Schiele – Biller, Videoen oder Audiodateien