Elizabeth Roemer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Roemer am Joer 1963
D'Elizabeth Roemer, gebuer am Joer 1929 ass eng US-amerikanesch Astronomin a pensionéierte Professer op der University of Arizona zu Tucson.
D'Roemer krut hiren Doktertitel an Astronomie am Joer 1955 op der University of California zu Berkeley. Si huet sech virun allem fir Koméiten an Asteroiden interesséiert, woubäi si sech mat der Astrometrie wéi och mat de physikaleschen Eegeschafte vun de klengen Himmelskierper beschäftegt huet.
Si ass och den Entdecker vum Jupitermound Themisto an den Asteroiden 1930 Lucifer an 1983 Bok.