Ernie Hammes

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ernie Hammes
Gebuer 18. August 1968
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jazzmuseker, Trompettist, Komponist, Dirigent

Den Ernie Hammes, gebuer den 18. August 1968 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Jazz-Trompettist.

Hien huet am Conservatoire vun Esch-Uelzecht, deem vu Metz an op der Manhattan School of Music zu New York Musek studéiert. Zanter 1987 ass hien Trompettist an der Lëtzebuerger Militärmusek an zanter 1994 Museksprof am Escher Conservatoire.

Hien hat eng Hellewull Optrëtter mat europäeschen an US-amerikaneschen Jazz-Bands, dorënner dem Duke Ellington Orchestra, dem Maynard Ferguson senger Big Bop Nouveau, Chaka Khan, The Supremes, Lew Soloff, Bob Mintzer, Claudio Roditi, Claude Bolling, Frank Nimsgern, asw. Hien huet eng eege Band, d'Ernie Hammes Group, a spillt och am Europool Jazz Orchestra, dem Luxembourg Jazz Orchestra (LJO), dem Orchestre Symphonique et Lyrique Nancy,...

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]