Erny Gillen (Theolog)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Theolog Erny Gillen. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Erny Gillen. |
Erny Gillen | |
---|---|
Gebuer |
29. Januar 1960 Déifferdeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theolog, Ethiker |
Den Erny Gillen, gebuer den 29. Januar 1960 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergeschen Theolog (Ph.D.) an Eethiker.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Hie gouf 1985 zum Priister geweit a war vun 1988 bis 2012 Theologieprofessor am Seminaire an am Institut catéchétique.
Hie war bis 2012 President vun der Caritas Lëtzebuerg a bis 2015 President vu Caritas Europa.
De 16. Oktober 2011 huet den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Jean-Claude Hollerich, hien zum Generalvikar vum Äerzbistum Lëtzebuerg ernannt. Dräi Wochen nodeems d'Chamber déi nei Konventioun mat de Glawensgemeinschaften ënnerschriwwen hat, ass den Erny Gillen den 18. Februar 2015, op Äschermëttwoch, als Generalvikar zeréckgetrueden. Zäitgläich huet den Äerzbëschof Hollerich de Leo Wagener zum neie Generalvikar ernannt.[1]
Den 2. Februar 2012 gouf hien zum President vum Verwaltungsrot vum Medie-Grupp Saint-Paul Luxembourg S.A. gewielt.[2]
De 25. Januar 2016 huet d'Äerzbistum follgendes matgedeelt: "No sengem Studienopenthalt um Boston College huet den Här Erny Gillen op perséinlechem a professionellem Plang nei Weiche gestallt. An Zukunft geet hien als Wëssenschaftler de Froe vun “ethics and leadership” am europäeschen an internationalen Zesummenhank no. Hien huet seng Mandater an den diverse Verwaltungsréit zur Verfügung gestallt."[3] Op perséinlechem Plang huet dat bedeit, datt hie säi Priisteramt opgi wollt[4],[5]. Enn Dezember 2017 huet hien decidéiert, awer weiderhi Priister ze bleiwen[6],[7].
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Gesund geführt im Krankenhaus – Die Papst Franziskus-Formel; Moral Factory S.à r.l. Esch-Uelzecht, August 2016; 93 S. ISBN 978-1535249577
- Wie ein Papst Kurien-Krankheiten heilen kann. Ein offener Brief. epubli.de, 2015.
- Neue Verhältnisse in Luxemburg – zwischen Staat und Religionsgemeinschaften, Zu den neuen Konventionen vom 26. Januar 2015 epubli.de, 2015.
- Bibliographie op der perséinlecher Websäit
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2015)[8]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Erny Gillen tritt zurück." tageblatt.lu, 18.02.2015, 09:58.
- ↑ "Erny Gillen neuer Präsident des Verwaltungsrates." wort.lu, 07.02.2012, 17:41.
- ↑ Matdeelung vum 25.1.2016
- ↑ Erny Gillen gëtt Priistertum op a verzicht op Mandater, rtl.lu 25.1.2016
- ↑ Erny Gillen verlässt Verwaltungsrat von Saint-Paul, wort.lu 25.1.2016
- ↑ Erzbistum bestätigt Erny Gillen bleibt Geistlicher, wort.lu 29.12.2017
- ↑ Den Erny Gillen huet decidéiert, Geeschtlechen ze bleiwen, rtl.lu 30.12.2017
- ↑ Lëscht vun de Leit déi 2015 am Staatsministère mat engem nationalen Uerden dekoréiert goufen publizéiert op www.tageblatt.lu