Esperanto

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Esperanto ass eng neutral international Sprooch, déi et Mënschen vu verschiddenen Natiounen a Kulturen erméiglécht, sech op gläichem Fouss ze begéinen a mateneen ze schwätzen. Den Dokter Ludwik Leyzer Zamenhof (1859-1917) huet dës Sprooch am Joer 1887 ënner dem Schrëftstellernumm "Dr. Esperanto" ("esperanto"="een, deen hofft") lancéiert; dësen Numm ass dann fir d'Sprooch selwer zréckbehale ginn.

Esperanto zeechent sech doduerch aus, datt et kenger Natioun gehéiert: jiddweree muss déiselwecht Méi op sech huelen, fir et ze léieren, jiddweree mécht deselwechte Wee, fir op deen Aneren duer ze goen. Esperanto ass d'Sprooch vun der gläichberechtegter Frëndschaft.

D'Zil vum Esperanto ass et glat a guer net, déi aner Sproochen z'ersetzen. Et soll nëmmen als neutral Sprooch an der internationaler Kommunikatioun benotzt ginn. Och wann Esperanto zueleméisseg keng Weltsprooch ass, sou gëtt et nawell dach, iwwer all Kontinenter verdeelt, honnerdausende vu Leit, déi Esperanto net nëmmen op Kongresser oder am (elektronësche) Bréifverkéier, mä och am Alldag, heiansdo souguer an der Famill schwätzen.

Esperanto bitt eng alternativ Aart a Weis, fir aner Länner a Kulturen kennenzeléieren. Vill Esperantiste benotzen op hire Reesen e weltwäit Netzwierk vu Begaschtegongsméiglechkeeten, de sougenannte Pasporta Servo, e Verzeechnes vun Esperantisten a méi wéi 70 Länner, déi bereet sinn, aner Esperantospriecher fir näischt bei sech opzehuelen an hinnen hir Stad oder Heemecht ze weisen.

Am Juni 2009 koum dat éischt Léierbuch fir Esperanto op Lëtzebuergesch eraus: "ESPERANTO mat der direkter Method".

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wiktionnaire: Esperanto – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen
Commons: Esperanto – Biller, Videoen oder Audiodateien