Ido

Vu Wikipedia
Logo

Ido ass eng "reforméiert" Versioun vun der Plangsprooch Esperanto. Si ass 1907 vum Louis de Beaufront geschaf ginn an huet och haut nach eng Rei Supporter, virun allem an Europa.

D'Grammaire vum Ido huet villes d'selwecht wéi déi vum Esperanto an och wat de Vokabulaire ubelaangt gëtt et dacks e Glach. Ido (genee wéi Esperanto) huet als Ziler eng méiglechst einfach a koherent Grammaire, soll extreem einfach ze léiere sinn a schaaft seng Wierder aus Sproochen, déi schonn existéieren. Dës Quellsprooche sinn Däitsch, Spuenesch, Franséisch, Italieenesch, Russesch an Englesch. Zu engem groussen Deel sinn Esperanto an Ido identesch. Allerdéngs goufen eng Rei Saache geännert, fir de Kriticken um Esperanto entgéint ze wierken. Dozou ziele virun allem:

  • Am Alphabet vum Esperanto si 6 Buschtawen déi am laténgeschen Alphabet net existéieren. Ënner deene 6 sinn der souguer 3, déi a soss kenger Sprooch ze fanne sinn. Dat féiert dozou, datt et dacks zu Problemer kënnt, fir Esperanto korrekt an E-Mailen an Newsgroups anzetippen. Ido benotzt d'laténgescht Alphabet ouni diakritesch Zeechen.
  • Wéinst der grammatescher Simplicitéit verlaangt Ido net, datt Adjektiver deklinéiert ginn, wéi déi Substantiver, déi dozougehéieren, well dat iwwerflësseg ass.
  • Am Esperanto brauch een eng -n Endung fir den Akkusativ ze markéieren. Am Ido däerf een dat an zweedäitege Fäll benotzen, mä an all deenen anere Fäll benotzt een am Ido keng -n Endung, well dës als iwwerflësseg ugesi gëtt.
  • Ido fuerdert koherent Reegele fir Wierder ze transforméieren. Dës Derivatioun baséiert um Benotze vun Affixen.
  • Am Géigesaz zum Esperanto gesäit Ido dat männlecht Geschlecht net als Standard u fir Wierder, déi familiär Relatiounen ausdrécken. Sou gëtt zum Beispill am Esperanto d'Wuert fir "Schwëster" derivéiert vum Wuert "Brudder" un dat een de weibleche Suffix unhänkt. Am Ido dogéint sinn déi Wierder neutral an et gëtt zwee verschidde Suffixer fir déi respektiv männlech a weiblech Formen ofzeleeden. Sou seet een zum Beispill kuzo (Cousin (neutral)), kuzulo (Koseng (männlech)), kuzino (Kusin). An anere Fäll gëtt et dräi Wierder: genitoro (Elterndeel), patro (Papp), matro (Mamm).
  • De Vokabulaire vum Ido zielt méi eng grouss Internationalitéit. Sou seet een zum Beispill am Ido "imaginar" wat méi international ass wéi d'Esperanto Form: "imagi". Op Englesch: "to imagine", Franséisch: "imaginer", Spuenesch: "imaginar", Italieenesch: "immaginare".

D'Wuert Ido kënnt zum Deel aus dem Esperanto a bedeit Nokommen, Ofkëmmleng. Am Ido selwer steet IDO als Ofkierzung fir Idiomo Di Omni (Sprooch fir jiddwereen).

Grammaire[änneren | Quelltext änneren]

All Wuert am Vokabulaire vum Ido staamt vun engem Stammwuert of. All Stammwuert besteet aus engem Stamm an enger grammatescher Endung. Aner Wierder ginn derivéiert andeems een d'grammatesch Endung ewech léisst an eng aner amplaz setzt, oder andeems ee verschidden Affixen (Prefixen a Suffixen) dobäi setzt. Am Ido - wéi och am Esperanto - gëtt et keng grammatesch Ausnamen.

Déi verschidde grammatesch Endungen am Ido sinn:[änneren | Quelltext änneren]

  • -o: Substantiv an der Eenzuel
  • -i: Substantiv am Plural (-oj am Esperanto)
  • -a: Adjektiv
  • -e: Adverb
  • -ir: Verb, Infinitiv vun der Vergaangenheet
  • -ar: Verb, Infinitiv (-i am Esperanto)
  • -or: Verb, Infinitiv vun der Zukunft
  • -is: Verb, Vergaangenheet
  • -as: Verb, Présent
  • -os: Verb, Futur
  • -us: Verb, Konditionnel
  • -ez: Verb, Imperativ/Volitiv (-u am Esperanto)

Dëst sinn déi selwecht wéi am Esperanto ausser -i, -ir/-ar/-or an -ez.

Pronomen[änneren | Quelltext änneren]

D'Pronomen am Ido sollen akustesch besser vuneneen z'ënnerscheedde sinn, wéi déi vum Esperanto, déi all op i ophalen. Virun allem déi éischt Persoun an der Eenzuel "mi" ass liicht ze verwiessele mat der éischter Persoun Plural ni - virun allem um Telefon. Am Ido ënnerscheet een och tëscht dem intimen (tu = du) an dem héiflechen (vu = Dir (Eenzuel)). Am Plural seet een ëmmer vi, do gëtt et also keng intim Form. Des Weideren huet Ido e ganz praktesche Pronomen lu dee kee Geschlecht ausdréckt. An deene meeschte Sprooche benotzt een a sou Fäll entweeder déi männlech Form, oder et muss een explizit soen "hien, si oder hatt".

Pronomen
Eenzuel Plural ondefinéiert
éischt zweet drëtt éischt zweet drëtt
intim héiflech männlech weiblech neutral ondefinéiert
Lëtzebuergesch Ech Du Dir Hien Si Hatt   Mir Dir Si Een, Eng, Eent
Keen, Keng, Keent
Esperanto mi vi li ŝi ĝi li aŭ ŝi ni vi ili oni
Ido me tu vu il(u) el(u) ol(u) lu ni vi li on(u)

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1901 huet de franséische Mathematiker Leopold Leau d'Délégation pour l'Adoption d'une Langue Auxiliaire Internationale gegrënnt. Där hiert Zil war et eng Welthëllefssprooch anzeféieren, déi net déi national Sprooche sollt verdrängen, mä an deene Fäll zum Asaz sollt kommen, wou Leit vu verschiddene Mammesproochen zesummekommen. Dës Delegatioun huet am Mee 1907 déi international Associatioun vun den Akademien zu Wien gefrot fir eng Decisioun ze huelen. Allerdéngs huet dës sech fir net kompetent erkläert fir d'Fro vun enger internationaler Welthëllefssprooch, a sou ass et zur Formatioun vun enger Aarbechtsgrupp komm, déi dëse Problem léise sollt. Dës Aarbechtsgrupp, dacks einfach "de Comité" genannt, ass zu Paräis fir 18 Sitzungen zesummekomm, an deene se decidéiere sollt, wéi eng international Hëllefssprooch erausgesicht sollt ginn. D'Resultat war, datt keng vun de Sproochen total akzeptabel wier, mä datt den Esperanto wéinst senger relativer Perfektioun an deene villen Unwennungen déi e schonn hat kéint akzeptéiert ginn, ënner der Konditioun datt verschidden Ännerunge géife gemaach ginn. Déi Ännerunge sinn du vun der permanenter Kommissioun ëmgesat ginn, an doraus ass den haitegen Ido entstanen.

Eng grouss Kontrovers ass doduerch entstanen, well de Louis de Beaufront ee Projet ënner dem Pseudonym Ido virgeluecht huet wärend de Sitzungen zu Paräis. Allerdéngs ass et net dëse Projet, deen akzeptéiert ginn ass. Déi Variant ass ni wierklech publizéiert ginn.

Vill Esperantiste ware géint Reformen, an de Kreateur vum Esperanto, de Ludwik Lejzer Zamenhof huet sech och net bereet erkläert fir d'Reforme vum Ido Projet an den Esperanto z'iwwerhuelen. Ironescherweis sinn eng Rei vun de Reformen déi am Ido ëmgesat goufen 1894 scho vum Zamenhof selwer proposéiert - mä awer net ëmgesat - ginn. Bis haut besteet eng Tendenz, d'Haaptreegelen am Esperanto bäizebehalen. De Louis Couturat, eng vun den Haaptfiguren hanner Ido, ass an engem Autosaccident am Joer 1914 ëmkomm. Säin Doud an den Éischte Weltkrich hunn den Ido Mouvement staark gebremst. Mat der Gebuert vum Occidental (enger weiderer Plangsprooch) si verschidde Leit vun Ido op Occidental eriwwergaangen, wat den Ido Mouvement nach eng Kéier gebremst huet. 1928 huet den dänesche Linguist a bis dato Ido-Verfechter Otto Jespersen seng eege Plangsprooch Novial gegrënnt, well e geduecht huet, Ido hätt sou ee klenge Succès gehat wéinst linguisteschen Elementer an der Sprooch selwer. Allerdéngs huet Novial nach vill manner Leit ugezu wéi Ido.

Ido huet och haut nach eng Rei Spriecher an den Internet huet déi lescht Joren zu engem Renouveau vum Interessi gefouert. D'Zuel vun Ido Spriecher gëtt op 250 bis 5000 geschat. Am Géigesaz soll Esperanto, nom Sidney S. Culbert, engem pensionéierte Psychologieprofesser, deen eng Ëmfro gemaach huet, ongeféier 1,6 Milliounen Spriecher hunn. Déi selwecht Zuel ass am Almanac World Book of Facts a bei Ethnologen ze fannen.

De Jespersen, dee wärend deenen zéng Deeg vun de Sitzungen zu Paräis dobäi war (a méi spéit an der permanenter Kommissioun war), huet eng Geschicht vum Ido geschriwwen.

Vill Supporter vum Esperanto hunn Ido iwwer Joren attackéiert. Ee vun hinnen, den Don Harlow, huet eng Geschicht vum Ido geschriwwen am drëtte Kapitel vun The Esperanto Book, "How to Build a Language". Verschidde Leit hunn d'Validitéit vun där Geschicht kritiséiert, op déi hien am Ënnerkapitel "Ido: The Beginning" äntwert.

Ido zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf den Ido-Mouvement 1911 gegrënnt a stoung der Sozialistescher Partei no. Am Comité waren de Schoulmeeschter Henri Meyer (President) de Jos Hever an de Pierre Blanc. Och d'Maisy Mongenast-Servais huet sech eng Zäit doran engagéiert.[1]

De 6.-10. September 1914 hätt sollen zu Lëtzebuerg en internationale Kongress vun den Ido-Unhänger aus 15 Länner, zesumme mat aneren Organisatiounen, organiséiert ginn; wéinst dem Ausbroch vum Éischte Weltkrich huet en awer missen annuléiert ginn. Den Touring Club hat fir dat Evenement mam Ido-Verband en Touristeguide iwwer Lëtzebuerg op Ido erausginn. 1924 koum et dann zu engem Ido-Kongress zu Lëtzebuerg. Den Henri Meyer hat bei där Geleeënheet d'Mumm Séis op Ido iwwersat.[1]

Bicher zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jespersen, Otto: An International Language, George Allen and Unwin
  • Jacob, Henry: A Planned Auxiliary Language, Dennis Dobson

Rezent international Ido-Treffen[änneren | Quelltext änneren]

2011: Iechternach
2005: Toulouse
2004: Kiew, Ukrain - 17 Participanten aus 9 Länner (Raporto)
2003: Grossbothen, Däitschland - Participanten aus 6 Länner (Raporto)
2002: Kraków, Polen - 14 Participanten aus 6 Länner (Raporto)
2001: Nürnberg, Däitschland - 14 Participanten aus 5 Länner (Raporto)
1998: Białobrzegi, Polen - 15 Participanten aus 6 Länner
1997: Bakkum, Holland - 19 Participanten aus 7 Länner
1995: Elsnigk, Däitschland
1991: Oostende, Belsch - 21 Participanten
1980: Namur, Belsch - 35 Participanten
1960: Zürich, Schwäiz - ongeféier 50 Participanten

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ido – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Konferenz vun der Germaine Goetzinger iwwer d'Marguerite Mongenast-Servais, de 14. Mäerz 2012 am CNL - am Audio-Archiv vum Radio 100,7. (ëm d'42. Minutt)