Fischer-Tropsch-Synthes

Vu Wikipedia

D'Fischer-Tropsch-Synthees gouf vum Franz Fischer an Hans Tropsch an de Joren 1922 bis 1926 entwéckelt. An den 30er a 40er Jore gouf si an Däitschland ugewannt. Et ass e Verfahre fir aliphatesch Kuelewaasserstoffer aus syntheetesche Gaser hierzestellen. D'syntheetesch Gaser, virun allem de Kuelemonoxid, ginn aus Kuele gewonnen. D'Reaktioun leeft bei enger Temperatur vun 220 an 340 °C a bei engem Drock vun 20 bis 25 bar. Si gëtt duerch Eisen oder Kobalt katalyséiert.

D'Endprodukter vun där Reaktioun si Bensinn a fest Kuelewaasserstoffer oder Paraffiner, mä et kann een och gasfërmeg Kuelewaasserstoffer mat där Method produzéieren. Niewebäi entsteet och nach e bëssen Alkohol an aner Verbindungen, déi Sauerstoff enthalen. Mat der Fischer-Tropsch-Synthees kann ee kee gudde Bensinn hierstellen, well d'Oktanzuel ze niddereg ass. Dofir ass si awer gutt fir Diesel hierzestellen. Déi Method ass trotz allem nëmme fir Länner rentabel, déi grouss Kuelereserven hunn, wéi Südafrika.