Fons Kontz
Fons Kontz | |
---|---|
Gebuer | 18. September 1944 |
Gestuerwen | 6. November 2015 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
De Fons Kontz, gebuer den 18. September 1944 zu Schëffleng, a gestuerwen de 6. November 2015[1], war e lëtzebuergesche Sänger, Schauspiller, Theaterregisseur an Auteur vun Theaterstécker.
Am Haaptberuff huet hien zu Esch-Uelzecht als Elektrofachmann fir d'ARBED an als Gemengen-Employé geschafft, an tëschenduerch och als Basssänger an der Würzburger Oper, wou hie meeschtens a Musicals opgetrueden ass.[2]
Hie war Member vum Theaterveräin Escher Liewensfro' an huet 1978 eng eegen Theatergrupp "D'Monnerecher Bounesäck" gegrënnt. Beim Lëtzebuerger Theater huet hie jorelaang an Theateropféierungen a Revuë matgespillt, an tëscht 1983 an 2003 13 Mol, ënnert dem Pseudonym Kof, zesumme mam Pir Kremer, Pol Pütz, Norbert Weber a Josy Christen mat Revuë geschriwwen. Ausserdeem ass hien Auteur vun enger Rëtsch Tehaterstécker: Eng Tréin am Knäpplach (1984), Fro däi Brudder (1990), Duerchzuch (1992), De Bop (1997), Lauter Mëller (1999), Déi beschte Medezin (1999) a Prënzereng Nummer 6 (2003).
Zënter 2002 huet hien och als Sculpteur geschafft.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fiche op autorenlexikon.lu
- Noruff am Essentiel
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 11. November 2015
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Claude D. Conter: Fons Kontz, am Luxemburger Autorenlexikon, autorenlexikon.lu.