Football League Two
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Football League Two (och Coca-Cola Football League 2 genannt) ass déi véierthéchst Spillklass am englesche Foussball Liga System. Et spille 24 Veräiner mat, an et gëtt mat Hin- a Réckronn gespillt, sou datt bis zum Enn vun der Saison all Equipe 46 Matcher gespillt huet. Wann d'Saison eriwwer ass, steigen déi 3 beschtplazéiert Veräiner an d'Football League One op, an e 4. Opsteiger gëtt an enger Play-off Ronn tëscht deene 4 Veräiner déi op de 4. bis 7. Plaze stinn ermëttelt. Gläichzäiteg mussen 2 Veräiner an d'Football Conference ofsteigen, an et kommen der och 4 respektiv 2 aus deene jeweilegen Divisioune bäi.
An der Saison 2009/10 spillen déi folgend Veräiner an der League Two:
|
Net méi dabäu us der Saison 2008/09 sinn d'Veräiner
- Brentford FC (opgestigen an d'Football League One)
- Exeter City FC (opgestigen an d'Football League One)
- Wycombe Wanderers FC (opgestigen an d'Football League One)
- Gillingham FC (opgestigen an d'Football League One)
- Luton Town FC (ofgestigen an d'Football Conference)
- Chester City FC (ofgestigen an d'Football Conference)