Port Vale FC
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Port Vale FC (Spëtznumm The Valiants) ass en englesche Foussballveräin zu Stoke-on-Trent am Staffordshire. Déi 1. Härenequippe spillt an der Saison 2008/09 an der Football League Two, der véierthéchster Spillklass am englesche Liga System, dest nodeems si um Enn vun der Saison 2007/08 aus der Football League One ofgestige sinn. De Veräi spillt seng Heemspiller am Vale Park Stadion.
De Veräin gouf 1876 gegrënnt. 1892 hu si d'Division Two matgegrënnt, an hu bis 1907 do gespillt. Vun 1919 un hu si erëm an der Liga deelgeholl, a wéi se 1931 um Enn vun der Saison op der 5. Plaz an der zweeter Divisioun waren huet dat hir héchste Positioun am englesche Foussball bedeit, an dat bis haut. 1954 ware si an der Halleffinall vum FA Cup, bis ewell hir bescht Leeschtung an där Competitioun.
