Françoise Kemp

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Françoise Kemp
Gebuer 24. Abrëll 1991
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Deputéierten
Member vun CSV
Famill
Geschwëster Martine Kemp

D'Françoise Kemp, gebuer de 24. Abrëll 1991[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).[2]

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Si huet Mathematik a Biomedezin studéiert.[Wou ?]

D'Françoise Kemp huet, bis zu hirem Mandat als Deputéiert, als Experte en recherche et analyse de données am Familljeministère geschafft.

Als Kandidatin bei de Gemengerotswalen 2017 gouf si am Juni 2022 Member vum Diddelenger Gemengerot amplaz vun der Sylvie Andrich-Duval. Si gouf bei de Gemengewalen 2023 direkt erëmgewielt.

Si war Kandidatin bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 op der CSV-Lëscht am Walbezierk Süden. Si gouf net direkt gewielt, ass awer den 21. November 2023 fir de Georges Mischo nogeréckelt, deen e Ministeschmandat ugeholl hat.[3]

Si ass d'Sëschter vun der Martine Kemp.[4]

An hirer Fräizäit ass si an der Scoutsgrupp Saint Jean Diddeleng aktiv.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Virgänger:
Stéphanie Weydert
Christophe Hansen
Generalsekretär vun der CSV
2024 -
Nofollger:
-

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)FrançoiseKemp. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-28.
  2. Fiche op chd.lu (nogekuckt 2023-11-24).
  3. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.
  4. "Françoise et Martine, les deux sœurs chacune élue dans son Parlement." lessentiel.lu, 2023-11-21.