François I. vu Frankräich

Vu Wikipedia
François I.
Titelen
Virgänger Louis XII.
Nofollger Henri II.
Biographie
Gebuer 12. September 1494 jul.
Cognac
Gestuerwen 31. Mäerz 1547 jul.
Rambouillet
Papp Charles de Valois, comte d'Angoulême
Mamm Louise vun der Savoie
Kanner Heinrich II.

De François I. ((François Ier, le Roi-Chevalier), gebuer den 12. September 1494 op der Buerg Cognac, a gestuerwen den 31. Mäerz 1547 zu Rambouillet, war vu 1515, wou en an der Kathedral vu Reims gekréint gouf, bis zu sengem Doud Kinnek vu Frankräich.

Hie war deen eenzege Jong vum Charles de Valois, comte d'Angoulême, aus der Dynastie vun de Valois an der Louise vun der Savoie. Nom Doud vum Louis XII., den 1. Januar 1515, gouf de François de 25. Januar 1515 zum Kinnek gekréint. Den 13. September 1515 konnt hie sech direkt beweisen: an der Schluecht bei Marignano tëscht Frankräich an der Schwäizer Konfederatioun ëm d'Herzogtum Mailand huet hien eng grouss Victoire dovugedroen.

Wéi de Maximilian, Keeser vum Hellege Réimesche Räich, den 12. Januar 1519 gestuerwen ass, huet hien, als Fürst vu Mailand, Usproch op seng Nofolleg erhuerwen, déi siwe Kurfürsten hu sech bei der Kinnekswal zu Frankfurt am Main awer den 28. Juni 1519 fir de Karel V. decidéiert, net zulescht well d'Habsburger enorm Bestiechungszommen ausbezuelt haten.

De François I. huet der Epoch vun de sougenannte Loire-Kinneken en Enn gesat a Paräis als Zentralmuecht ausgebaut, woufir en als de Grënner vum franséischen Absolutismus gëllt.

Wéinst senge Kricher mat Italien a grousse Bauprojeten war d'Staatskeess séier eidel, an d'Steier fir d'Baueren, d'Taille, gouf verduebelt, an d'Salzsteier (Gabelle) verdräifacht.

1516 huet hie mam Poopst d'Konkordat vu Bologna ënnerschriwwen, dat der franséischer Kroun eng bal onbegrenzte Kontroll iwwer d'Kierch an hire Besëtz ginn huet. Bei der Reformatioun huet de François I. aus politesche Grënn déi däitsch Protestanten ënnerstëtzt, iwwerdeems en d'Reformatioun am eegene Land bekämpft huet.

De15. August 1539 huet hien d'Edikt vu Villers-Cotterêts, erlooss, mat deem d'Franséisch d'Latäin als administrativ Sprooch ersat gouf.

Seng Aussepolitik war virun allem géint d'Habsburger geriicht, vun deenen e sech agekreest gefillt huet, an huet d'Basis vum jorhonnertelaange Konflikt tëscht deenen zwéi Bléck geluecht. Déi ganz Aussepolitik war deemno drop ausgeriicht, säi Rival ze schwächen an dës Akreesung ze duerchbriechen. Aus deem Grond huet hien z. B. enk Bezéiunge mam Osmanesche Räich gesicht a probéiert, de Sultan Süleyman I. dozou ze bréngen, d'habsburgesch Lännereien an Italien unzegräifen, wat em awer net gelongen ass. Dofir konnten e Vertrag ënnerschreiwen, deen de Schëffer an dem Handel tëscht den zwéi Länner de Wee opgemaach huet.

An den Italieenesche Kricher huet hie sech mat Venedeg, Florenz an dem Poopst géint d'Spuenier alliéiert. Nom Versuch vum Karel V., d'Provence z'annektéieren, wat em net gelongen ass, huet de François I. sengersäit probéiert, déi Spuenesch Nidderlanden z'errueweren, wat awer och en Echec war. Frankräich huet d'Savoie an de Piemont kënnen annektéierern.

Dono huet de Karel V. sech mam Henry VIII. vun England zesummegedoen a probéiert Frankräich z'erueweren; si sinn awer net bis op Paräis komm an et koum am Traité vu Crépy zu der Unerkennung vum Status quo ante.

Trotz deem ganze Gekrichs huet de François vill vu Konscht gehalen; hien huet Wierker vum Michelangelo, Tizian oder Raffael opkaaft an op Paräis brénge gelooss (d'Biller si bis haut am Louvre ze gesinn). Hien huet d'Schlass Chambord bauen an d'Schlass Fontainebleau ausbaue gelooss, an de Collège de France als Collège des trois Langues (nom Virbild vun deem vu Léiwen) baue gelooss.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet sech den 18. Mee 1514 mat der Claude de France (* 13. Oktober 1499; † 20. Juli 1524) bestuet, der Duechter vum Louis XII. an der Anne de Bretagne. Mat hir hat en aacht Kanner:

  • Louise (* 19. August 1515; † 21. September 1517)
  • Charlotte (* 23. Oktober 1516; † 8. September 1524)
  • François (* 28. Februar 1518; † 10. August 1536), 1524 Herzog vun der Bretagne
  • Henri (* 31. Mäerz 1519; † 10. Juli 1559), als Henri II Kinnek vu Frankräich.
  • Madeleine (* 10. August 1520; † 2. Juli 1537), ∞ James V. vu Schottland
  • Charles (* 11. Januar 1522; † 9. September 1545), Herzog vun Angoulême (1531–1545), Herzog vun Orléans (1536–1545), Herzog vu Châtellerault, Grof vu Clermont-en-Beauvaisis a vu la Marche (1540–1545), Herzog vu Bourbon (1544–1545)
  • Marguerite (* 5. Juni 1523; † 14. September 1574), ∞ Herzog Emanuel Philibert vun der Savoie
  • Philippe (*/† 1524)

De 7. August 1530 huet hien d'Eleonor vu Kastilien aus dem Haus Habsburg bestuet, si krute keng Kanner.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • André Castelot: François I. Paris: Perrin, 1984. ISBN2-262-00295-9
  • Robert Knecht: Renaissance Warrior and Patron: The Reign of Francis I.. Cambridge 1994.
  • Rober Knecht: The Valois Kings of France 1328-1589. London 2004.
  • Robert Knecht: The Rise and Fall of Renaissance France. 2. Opl. Oxford/Malden 2001, S. 77ff.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: François I. – Biller, Videoen oder Audiodateien