Gérard Schockmel

Vu Wikipedia
Gérard Schockmel
Gebuer 9. Mäerz 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Hubert-Clément,
Universitéit vu Léiwen,
Universitéit Wien,
Medizinische Hochschule Hannover,
University of Oxford,
Universitéitsspidol Zürich,
Universitéitsspideeler vu Genève
Aktivitéit Dokter, Fuerscher, Politiker
Partei Demokratesch Partei

De Gérard Alphonse Schockmel, gebuer den 9. Mäerz 1961, ass e lëtzebuergeschen Dokter, Fuerscher a Politiker (DP).

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems de Gérard Schockmel seng Première 1981 zu Esch am Lycée Hubert-Clément gemaach hat, huet hie säi Studium 1981-1982 op der Université catholique de Louvain ugefaangen. Vun do aus goung hien op Wien, wou en 1988 säin Doktertitel an der Medezin (MD) krut. No engem Joer vun experimenteller Fuerschung (1986-1987) op der Medizinische Hochschule Hannover ass hien op d'Universitéit Oxford gaangen (1988-1992) wou hien an der molekularer HIV-Fuerschung aktiv war a säi Studium mat engem Fuerschungsdoktorat ofgeschloss huet (Ph. D.).

De Gérard Schockmel ass e Spezialist fir Infektiounskrankheeten esou wéi an der Médecine interne. Hien huet sech a senger Fuerschung gréisstendeels mat RNA-Vire beschäftegt, haaptsächlech op den Universitéite vun Oxford a Genève. Am Laboratoire fir Virologie vun den Universitéitsspideeler vu Genève war hien un der Entwécklung vun engem héichsensibelen Test fir d'Detektioun vun HIV-RNA am Plasma bedeelegt, deen duerno den internationale Standard fir de Management vun der antiviraler Therapie bei HIV-infizéierte Persoune gouf.

De Gérard Schockmel huet e puer Joer vu senger Karriär an der pharmazeutescher Industrie geschafft, absënns zu Basel bei der F. Hoffmann-La Roche AG a bei Basilea Pharmaceutica.

Zu Lëtzebuerg war hien an den Hôpitaux Robert Schuman responsabel fir de multidisziplinäre Laboratoire a fir d'Unitéit vun der Infektiounspreventioun.

Wärend der Covid-19 Pandemie hat de Gérard Schockmel reegelméisseg Optrëtter op der Televisioun an um Radio. Hie gouf allgemeng bekannt duerch seng Bäiträg a seng Webinare mat de Schwéierpunkten Impfung, Preventioun, Diagnos a Behandlung.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

2023 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'DP am Bezierk Zentrum an d'Chamber gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: perséinlech Informatioune vum Titulaire