Galeblos

Vu Wikipedia
D'Galeblos am mënschleche Kierper:
A. D'Galeblos:
1. Buedem (fundus)
2. Kierper (corpus)
3. Hals (collum)
B. Galegank (sistema biliare):
4. Ductus cysticus
5. Ductus hepaticus communis
6. Ductus choledochus
Lokalisatioun vun der Galeblos am Bauch vum Mënsch:
1. Speiseröre
2. Zwerchfell
3. Mo
4. Liewer
5. Galeblos
6. Zwieleffangerdaarm
7. Bauchspeicheldrüs
8. Mëlz

D'Galeblos (lat.: vesica biliaris oder vesica fellea) ass en Organ am Kierper vum Mënsch an de meeschte Wierbeldéieren. Et gehéiert zum Verdauungssystem.

Lokalisatioun an Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Beim Mënsch ass d'Galeblos e klengt Organ a Form vun enger Bier, mat enger Längt vun ongeféier 7 bis 10 Zentimeter an op der breetster Plaz enger Déckt vu ronn 2,5 bis 5 Zentimeter. Si läit op der rietser Säit am Bauch ënnert der rietser Hallschent vun der Liewer.[1],[2]

D'Galeblos besteet ëmmer aus dräi Deeler: dem Buedem (fundus vesicae biliaris), dem Kierper (corpus vesicae biliaris) an dem Hals (collum vesicae biliaris). Si setzt sech aus e puer Schichten zesummen:

  • der Tunica mucosa oder Schläimhaut, enger interner Schicht aus Epithelzellen a Lamina propria (labberem Bindegeweebe),
  • der Tunica muscularis, enger Schicht aus glate Muskelen an enger perimuskuléiser Schicht, déi d'Muskelen iwwerspaant,
  • an der Tunica serosa, der baussenzeger Auskleedung vun der Galeblos.

D'Galeblos, d'Liewer an den Déckdaarm sinn duerch eng Rei dënn Tüben ("Kanäl") matenee verbonnen, déi Galeweeër oder Galegäng genannt ginn.[3] Zesumme mat der Galeblos, a jee no Definitioun och der Liewer, bilde si de Galesystem.[4],[5],[6]

Bei den Déieren ass d'Galeblos ënnerschiddlech ausgebilt oder feelt ganz.[7] D'Giraffen, d'Päerd, d'Raten an d'Dauwen hunn zum Beispill keng Galeblos.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Funktioun vun der Galeblos ass et, d'Gal, déi an der Liewer produzéiert gëtt, méi déckflësseg ze maachen an ze späicheren. D'Gal hëlleft am Zwieleffangerdaarm d'Fetter aus der Narung ze splécken an opzehuelen. Beim Mënsch produzéiert d'Liewer ongeféier 800 bis 1.000 Millimeter Gal pro Dag. Si ass eng giel, brongelzeg oder olivegréng Flëssegkeet, déi bei der Verdauung vun de Fetter hëlleft. D'Zellen an der Liewer ginn d'Gal an Galeweeër of, iwwer déi se an d'Galeblos fléisst. Den Haaptgalewee geet an den Zwieleffangerdaarm iwwer.[1]

Wärend enger Moolzecht fléisst d'Gal aus der Liewer direkt an den Dënndaarm. Tëscht de Moolzechten, wa kee Fett verdaut muss ginn, fléisst de gréissten Deel vun der Gal an d'Galeblos, wou hir Waasser entzunn a si esou méi déckflësseg gemaach gëtt. Do gëtt si och gespäichert. Meescht enthält d'Galeblos ongeféiert 30 bis 80 Milliliter Flëssegkeet. Wa fetteg Narung konsuméiert gëtt, dann zitt d'Galeblos sech zesummen a schëtt d'Galeflëssegkeet iwwer de Galegank of.[8] Vu do aus fléisst si an den Zwieleffangerdaarm a gëtt dann dem Narungsbräi bäigemëscht.[2]

D'Galeflëssegkeet besteet haaptsächlech aus Waasser, awer och aus Salzer, Cholesterol, bestëmmte Fetter wéi Lecithin, a Faarfstoffer. Bilirubin ass dobäi de wichtegste Galefaarfstoff. En entsteet beim Ofbaue vun de roude Bluttkierpercher an der Liewer. E gëtt dem Urin seng typesch Giel an dem Kot seng brong Faarf.[1]

Den Zweck vun de Galesalzer ass et, gréisser Fettelementer an der Narung méi kleng ze maachen. D'Verdauungsenzymer aus der Bauchspeicheldrüs wierke besser bei méi klengen Elementer a kënnen d'Fetter da méi liicht splécken. Zousätzlech hëllefen d'Galesalzer den Daarmzelle beim Ophuele vun de gespléckte Fetter.[1]

Erkrankungen[änneren | Quelltext änneren]

Cholelithiasis ass de Fachbegrëff fir d'Formatioun vu Galesteng an der Galeblos oder an de Galegäng. Wa si keng Symptomer verursaache, musse si net behandelt ginn. Et kann awer sinn, datt si eng Entzündung vun der Galeblos provozéieren (Cholezystitis (de) oder Cholécystite (fr)). Wann néideg, gëtt et ënnerschiddlech Methoden, fir d'Galesteng ze eliminéieren, dorënner mat Medikamenter oder operativ.[9]

De Kierper kann ouni d'Galeblos funktionéieren. Wa si wéinst enger Krankheet aus dem Kierper erausgeholl muss ginn, huet dat keng Laangzäitsuitten an de Kierper kann trotzdeem weiderhi verdauen.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Galeblos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 gesundheitsinformation.de: Wie funktionniert die Gallenblase?
  2. 2,0 2,1 2,2 Société candienne du cancer: La vésicule biliaire
  3. DocCheck Flexikon: Gallenwege
  4. Hans Henrik Holm, Jørgen Kvist Kristensen, Sten Nørby Rasmussen, Jan Fog Pedersen, Søren Hancke, Flemming Jensen, Jens Gammelgaard & Edward H. Smith : Gallensystem, in: Abdominale Ultraschalldiagnostik Säiten 63–71
  5. Fondation contre le cancer (Belsch): Lexique: Système biliaire
  6. Centre de lutte contre le cancer Léon Béart: Cancer de la vésicule biliaire
  7. DocCheck Flexikon: Gallenblase (Veterinärmedizin)
  8. Le manuel MSD: Vésicule biliaire
  9. Gutt C et al.: Aktualisierte S3-Leitlinie der Deutschen Gesellschaft für Gastroenterologie, Verdauungs- und Stoffwechselkrankheiten (DGVS) und der Deutschen Gesellschaft für Allgemein- und Viszeralchirurgie (DGAV) zur Prävention, Diagnostik und Behandlung von Gallensteinen, AWMF-Register-Nr. 021/008, 2018