Giraff

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Giraff
Giraff

Giraff
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Artiodactyla
Famill: Giraffidae
Gattung: Giraffen
Aart: Giraff
Wëssenschaftlechen Numm
Giraffa camelopardalis
Linnaeus 1848


D'Giraff (Giraffa camelopardalis) ass eng Aart aus der Famill vun de Giraffidae. D'Giraff an den Okapi sinn di eenzeg nach lieweg Aarten aus dëser Famill.

Giraff am Krüger Nationalpark

[änneren] Kierperbau

D'Giraff huet en aussergewéinlech laangen Hals, laang Been, e staark offallende Réck an e laange Quasteschwanz. Déi männlech Déieren sinn iwwer 5,50 m grouss, di weiblech knapps iwwer 5 m. Giraffen hunn och Haren a jeweils 32 Zänn. Hir Schnëss ass zimlech schmuel a si hunn eng laang Gräifzong.

[änneren] Liewensweis a Liewensraum

Giraffe friesse Blieder a liewen nëmme méi an Afrika an dat haaptsächlech nach just an Nationalparken. Si si Savannen- a Steppendéieren a si guer net gär an de Bëscher. Si verbréngen de ganzen Dag bal nëmme mat friessen a lafen dofir ganz gemittlech vu Planz zu Planz an zupfen hei e Blat oder briechen do e puer Äscht of. Wa si genuch Waasser fannen, drénke si all Dag zimlech vill. Si kënnen awer genee esou gutt e puer Deeg laang ouni Waasser aushalen.

[änneren] Fortplanzung

Giraffe kréie bei enger Befruchtung, déi d'ganzt Joer iwwer ka geschéien, jeweils just ee Jonkt. D'Schwangerschaft dauert 14-15 Méint an da Jonkt ass bei der Gebuert scho bis zu 2 m grouss a weit ongeféier 60 kg. Et ass no enger Stonn schonn op de Been an drénkt. Mat 3 Deeg kann et scho lafen.

Commons: Giraffa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen