Georges Faber (Magistrat)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Riichter a Procureur Georges Faber. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Georges Faber.
Georges Faber
Gebuer 9. September 1867
Iechternach
Gestuerwen 16. August 1936
Lampertsbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter

De Georges Faber, gebuer den 9. September 1867 zu Iechternach[1], a gestuerwen de 16. August 1936 um Lampertsbierg[1] an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Jurist.

Hie gouf den 18. Juli 1929 als Member vum Staatsrot nominéiert, a war zu deem Zäitpunkt Vizepresident vun der 'Cour supérieure de justice', an ass bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot bliwwen.[3]

De 17. September 1935 ass de Georges Faber als 'procureur général d'Etat' pensionéiert ginn.[4]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Spedener, G.: Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher 1937, S. 23.
  2. Doudesannonce vum Georges Faber am Tageblatt vum 17. August 1936 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2012-12-23.
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  4. D'Publikatioun vun der Demission honorable vum Georges Faber am Memorial Archivéiert op 2011-09-06. Gekuckt de(n) 2012-12-23.
  5. Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert op 2011-09-26. Gekuckt de(n) 2013-01-12.