Gondor

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Wope vu Gondor mam Wäisse Bam vum Kinnek

Gondor ass e Kinnekräich vun de Mënschen dat an der fiktiver Welt vu Middle-earth an de Romaner vum J. R. R. Tolkien läit.

Gondor, wat iwwersat "Stee-Land" bedeit (wéinst de Wäisse Bierger déi d'Land am Norde vum Kinnekräich Rohan trennen), ass ee vun de wichtegste Räicher aus Middle-Earth. Seng Geschicht ass zum Zäitpunkt vun The Hobbit a vun The Lord of the Rings schonn iwwer dräi Joerdausende al.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Stied[änneren | Quelltext änneren]

Osgiliath[änneren | Quelltext änneren]

Osgiliath, d'"Stad ënner de Stären", war déi éischt Haaptstad vu Gondor. De Floss Anduin leeft duerch Osgiliath, an et ass an der Zitadell op enger Bréck iwwer de Floss datt de Palantir vun der Stad louch . D'Stad gouf e puer mol zerstéiert, bis si als Ruin komplett verlooss gouf. D'Stad Osgiliath läit tëscht Minas Tirith a Minas Ithil, e bësse méi no bei Minas Tirith.

Minas Ithil[änneren | Quelltext änneren]

Minas Ithil, "Tuerm vum Mound", ass vum Kinnek Isildur gëgrennt ginn. De Wäisse Bam vu Gondor gouf ursprénglech hei geplanzt, ass awer nodeem d'Stad dem Feind aus Mordor an d'Hänn gefall ass, no Minas Tirith komm. Minas Ithil gouf vu Mordor a Minas Morgul, "Tuerm vun der Hexerei", ëmbenannt a gouf de Sëtz vum berüchtegten Hexekinnek vun Angmar.

Minas Tirith[änneren | Quelltext änneren]

Als Minas Anor, "Tuerm vun der Sonn", vum Kinnek Anarion gëgrennt, ass Minas Tirith spéitstens an der zweeter Hallschent vum Drëtten Zäitalter déi wichtegst Stad ginn. Nodeem Osgliath verlooss gouf a Minas Ithil gefall war, ass se ënner dem Numm Minas Tirith, "Tuerm vun der Wuecht", Haaptstad vu Gondor ginn. An dëser Stad steet och de legendäre Wäisse Bam vun deem gesot gëtt datt en nees bléie wäert wann de Kinnek zréckkënnt.

Pelargir[änneren | Quelltext änneren]

Pelargir ass eng wichteg Hafestad am Süden vum Kinnekräich. Se läit um Anduin, no beim Mier, a lieft haaptsächlech vum Handel. Se gouf dacks vun de Korsare vun Umbar ugegraff an huet während dem Biergerkrich als Basis vun den Unhänger vum Castamir gedéngt, deen de legitimen Trounfolger Eldacar bekämpft huet.

Regiounen[änneren | Quelltext änneren]

Flëss a Bierger[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zweet Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

Gondor ass, nom Ënnergang vun der Insel Numenor um Schluss vum zweeten Zäitalter, zesummen mam Kinnekräich Arnor am Norde vu Middle-Earth, ee vun den zwee Räicher déi d'Numenorer am Exil gëgrennt hunn. Déi zwee éischt Kinneke vu Gondor sinn d'Bridder Isildur an Anarion, déi zwee Jonge vum Elendil. Dat jongt Kinnekräich zielt als wichtegst Stied d'Haaptstad Osgiliath, Minas Anor, Minas Ithil a wahrscheinlech Pelargir. De mächtege Floss Anduin fléisst duerch Osgiliath a Pelargir, wou en zu engem Delta gëtt an an d'Mier leeft. Gondor kritt vun de siwe Palantiri, véier Steng, matt deenen een Evenementer wäit ewech ka gesinn a matt deenen een och kommunizéiere kann. Déi véier Steng goufe verdeelt; ee koum op Osgiliath, een op Minas Anor, een op Minas Ithil an dee leschten an den Tuerm vun Isengart.

De Sauron, Herrscher vu Mordor, dee ganz Middle-Earth gären ënnerwerfe géif, huet scho laang d'Numenorer gehaasst a gëtt hinnen dofir och keng Chance hiert Räich opzebauen, mä gräift se direkt un. Dat jonkt Räich wiert sech awer mat Erfolleg a gräift e puer Joer méi spéit selwer zesumme mat Arnor an dem Gil-Galad sengen Elben Mordor un, fir dem Sauron senger Herrschaft en Enn ze setzen. Et kënnt zur Belagerung vu Barad-dur, an de Sauron gëtt schliisslech besiigt. Säi Rank awer, deen him seng Muecht gëtt, gëtt net zerstéiert. Nom Doud vum Elendil a vum Anarion an deem Krich gëtt den Isildur Kinnek vun den Numenorer am Exil a reest no Annuminas, der Haaptstad vun Arnor, vun dem en elo Kinnek ass. De Meneldur, dem Anarion säi Jong, gëtt Kinnek vu Gondor. Et bestinn also vun elo un zwou Dynastie vun numenorësche Kinneken, déi alle béid vum Elendil ofstamen.

Drëtt Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

Gondor breet sech am Ufank a bis zur Mëtt vum Drëtten Zäitalter ënner sengen energësche Kinneken wäit aus a gëtt zum mächtegste Kinnekräich aus Middle-Earth, seng Stäerkt erënnert un déi vun Numenor zu senger Glanzzäit. Mä eng Peschtepidemie, intern Komplikatiounen ëm d'Trounfolleg déi e Biergerkrich verursaachen an Ugrëffer vun den Ostlingen a vun den Korsaren vun Umbar an den Haradrim am Süden beschäftege Gondor déi nächst 500 Joer. Ëm d'Joer 2000 kënnt et zu Schwieregkeeten am Kinnekräich Arnor, a Gondor schéckt eng Arméi dohi fir dem Kinnek Arvedui géint d'Truppe vum Hexekinnek vun Angmar z'ënnerstëtzen.

No dësem Konflikt stierft de Kinnek vu Gondor, Eärnur, an engem Duell mam Hexekinnek vun Angmar. Hien huet keng Kanner a sou stierft déi kinnecklech Linn vu Gondor aus. Domat fängt d'Zäit vun de "Stewards" un déi d'Räich am Numm vun engem Kinnek, deen et am Moment net gëtt, administréieren an der Hoffnung datt de Kinnek enges Daags zréckkënnt.

Evenementer um Schluss vum Drëtten Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

D'Kinnekräich Gondor gëtt vum Steward Denethor beherrscht a sou gutt wéi et geet géint d'Bedrohung aus Mordor verdeedegt. Obwuel dem Denethor seng zwee Jongen, de Boromir an de Faramir, matt hiren Truppen d'Stad Osgiliath géint Mordor hale kënnen, gëtt den Drock op der Grenz ëmmer méi grouss an d'Situatioun schéngt verzweifelt. Du schéckt den Denethor de Boromir an den Norden op Rivendell bei den Elrond deen all déi fräi Vëlker vu Middle-Earth invitéiert, doriwwer ze decidéiere wat mam Sauron sengem Rank geschéie soll. Et ass ongeféier déi Zäit wou d'Buch The Lord of the Rings ufänkt.

De Boromir stierft un der Nordgrenz vu Gondor, de Faramir probéiert d'Stad Osgiliath géint d'Arméie vu Mordor ze verdeedegen, mä d'Orke besigen hien a belagere Minas Tirith. De Gandalf an de Pippin kämpfen op der Säit vun de Leit vu Minas Tirith, an d'Situatioun ass extrem schlecht. Dunn erschéngen aus dem Norden d'Reider vu Rohan matt hirem Kinnek Theoden an et kënnt zu der Schluecht vun de Pelennorfelder, wou den Hexekinnek vun Angmar] den Theoden ëmbréngt, ier hie selwer vum Merry a vum Eowyn besiigt gëtt. Domat ass och d'Prophezeiung datt kee Mann den Hexekinnek ëmbrénge kann an Erfëllung gaangen: de Merry ass en Hobbit, an d'Eowyn ass d'Niess vum Theoden. Obwuel d'Mënsche vu Gondor a vu Rohan elo zësumme géint dem Sauron seng Leit kämpfe leeft d'Schluecht schlecht fir si bis den Aragorn, zesumme mam Gimli, mam Legolas a matt Zaldoten aus dem Süde vu Gondor op Schëffer am Hafen vu Minas Tirith ukënnt. Mordor gëtt op de Pelennorfelder viru Minas Tirith besiigt.

Den Aragorn, deen de legitimen Throunfolger vu Gondor ass, léisst sech awer nach net zum Kinnek kréinen. Fir d'éischt muss hien den Sauron ee fir alle Mol besigen. Dofir zitt hie matt senger Arméi bei d'Schwaarz Paart, wou hien de Sauron erausfuerdert. Gläichzäiteg dozou geheit den Frodo de Rank an d'Feier vum Mount Doom, an de Sauron ass besiigt.

Véiert Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

Am Véierten Zäitalter ass den Aragorn ënner dem Numm Elessar Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich vu Gondor an Arnor, vun deem senger kinneklecher Linn den Aragorn jo ofstaamt, an hien eruewert déi Länner zréck, déi Gondor an Arnor am Laf vun der Zäit verluer haten. Hie schléisst Fridde matt de Feinde vu Gondor an reorganiséiert säi Räich fir den Hobbits, den Ents, an anere Minoritéite méi Autonomie ze ginn.

Hien ass mam Arwen bestuet a säi Fils, den Eldarion, kënnt no him op den Troun.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Bedeitung am J. R. R. Tolkien sengem Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Arda.Tengwar.png Middle-earth – All d'Artikelen zum Universum vum J. R. R. Tolkien.