Grénge Leguan

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Grénge Leguan
D'Weibche vum Grénge Leguan
D'Weibche vum Grénge Leguan
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Uerdnung: Schuppereptiller (Squamata)
Famill: Leguanen (Iguanidae)
Gattung: Iguana
Aart: Grénge Leguan
Wëssenschaftlechen Numm
Iguana iguana
Linnaeus, 1758
E Männche vum Grénge Leguan am Botanesche Gaart zu Portoviejo, Ecuador.
Verbreedung vum Grénge Leguan

De Grénge Leguan, Iguana iguana, ass e Reptill aus der Famill vun de Leguanen (Iguanidae), deem säi Verbeedungsgebitt sech vum mëttlere Süd- bis iwwer ganz Mëttelamerika zitt.

Dee Grénge Leguan ass dagaktiv an hält sech meescht an de Beem op, wou e vegetaresch lieft. Vum Kapp bis zum Enn vum Schwanz ass e ronn 1,5 Meter, seele bis zu 2,2 Meter laang.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Vum Kapp bis zum Usaz vum Schwanz sinn erwuesse Gréng Leguane meescht eng 45 cm laang, woubäi de Schwanz eppes méi wéi duebel sou laang ass. D'Grondfaarf vum Kierper variéiert vu gréng iwwer gro-gréng bis zu brong-gréng. D'Männercher sinn dacks zum Deel rout gefierft.

Op béid Säite vum Kapp, ënner dem Trommelfell, ass besonnesch eng vun de Schuppen opfälleg grouss entwéckelt. Ënner dem Kënn ass e grousse Lappen ze gesinn, dee beim Imponéieren, besonnesch och während der Reproduktiounszäit ausgebreet a vun der Säit gewise gëtt, wouduerch de Kierper méi imposant ausgesäit. Iwwer de ganze Réck an och de viischten Deel vum Schwanz sti laang Stachelen.

De Männchen ënnerscheet sech vum Weibchen duerch folgend Merkmaler: en ass am Ganzen eppes méi grouss; de Kierper a besonnesch d'Patte sinn dacks zum Deel rout gefierft; déi opfalend Schupp op de 'Baken' ënner dem Trommelfell, de Kënnlappen an och d'Stachelen um Réck si méi grouss entwéckelt.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Dat ursprénglecht Verbreedungsgebitt zitt sech vu Brasilien, Peru, Bolivien, Ecuador, Kolumbien a Venezuela no Norden iwwer ganz Mëttelamerika bis an de Süde vu Mexiko hin. A Florida, am Texas and op Hawaii liewe verwëldert Populatiounen, déi vun Terrariendéieren ofstamen. Besonnesch a Florida huet d'Aart sech invasiv verbreet.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

Déi Gréng Leguane sinn dagaktiv an hale sech meescht an de Beem op, wou se Blieder a Friichte friessen. Do wou se sech sécher viru Friessfeinde fillen, hale se sech och um Buedem op. Bei Gefor loosse se sech gäre vun engem Aascht erof an d'Waasser falen an dauchen ënner.

Fortpflanzung[änneren | Quelltext änneren]

D'Weibche leet eemol am Joer 20 bis 70 Eeër beieneen an eng Hiel déi et meescht selwer gegruewen huet. Déi Jonk schlüpfen 10 bis 15 Woche méi spéit. D'Eltere këmmere sech weder ëm d'Eeër nach ëm déi Jonk.

Relatioune mam Mënsch[änneren | Quelltext änneren]

An enger Partie Länner gëllt d'Fleesch vun de Grénge Leguanen als Delikatess. An anere Länner gi se wéinst hirem rouege Verhalen an hiren uspriechende Faarwe gären als Hausdéieren an Terrarie gehalen. Fir béid Zwecker ginn s'an hirem Verbreedungsgebitt op Farme gezillt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reinhard Rieger & Wilfried Westheide, 2004. Spezielle Zoologie Teil 2: Wirbel- oder Schädeltiere. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg. ISBN 3-8274-0900-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iguana iguana – Biller, Videoen oder Audiodateien