Hale-Observatoire

Vu Wikipedia

Zwéin Observatoiren deele sech den Numm Hale-Observatoire. Deen een ass um Mount Wilson an deen anere steet um Mount Palomar a Kalifornien. Den Astronom George Ellery Hale ass de Grënner vu béiden Observatoiren. Si ware mat dem Hooker-Reflekter um Mount Wilson (Duerchmiesser vum Haaptspigel: 2,5 Meter) an dem 5-Meter-Spigel vum Hale-Teleskop um Mount Palomar iwwer jeeweileg ronn drësseg Joer mat de weltwäit gréissten Teleskopen ausgerëscht. Am Joer 1970 goufen déi béid Observatoiren zu Éiere vum Hale ëmgenannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie