Haus Pierre Gilbert

Vu Wikipedia
Haus Pierre Gilbert
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'26,388"N, 6°7'12,612"O
Haus Pierre Gilbert (2014)

D'Haus Pierre Gilbert ass en Haus an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Et läit um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

De modernisteschen Architekt Pierre Gilbert (1922 - 1990) huet dat Haus 1956 fir sech selwer gebaut [1].

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Haus gouf a Wierfelform am fréiere Gaart vum Nopeschhaus gebaut; déi exzentresch Dispositioun vum Cube huet et erlaabt nach e klenge Gaart nieft dem Haus unzeleeën. Den Atelier vum Architekt war um Rez-de-chaussée, iwwerdeems d'Wunnraim um éischten an d'Schlofzëmmeren um zweete Stack waren.

Déi iewescht Stäck sti liicht iwwer de Rez-de-chaussée eraus an erënnere sou un en Erker. Op all Stack sinn op der Südsäit Balcone fir vun der Sonn kënnen ze profitéieren.

De flaachen Daach ass typesch fir d'Architektur vun de 50er Joren.

D'Haus gëtt haut net méi fir Wunn- mä fir Geschäftszwecker gebraucht, den Interieur ass awer gréisstendeels nach am Originalzoustand erhale bliwwen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haus Pierre Gilbert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Säit 162, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4