Heinrich Aigner

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Heinrich Aigner
Gebuer 25. Mee 1924
Gestuerwen 24. Mäerz 1988
Amberg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Friedrich-Alexander-Universität
Aktivitéit Politiker
Partei CSU Bayern

Den Heinrich Aigner gebuer de 25. Mee 1924 zu Ebrach an Uewerfranken, a gestuerwen de 24. Mäerz 1988 zu Amberg, war en däitsche Politiker (CSU).

Seng Karriär[änneren | Quelltext änneren]

  • Zaldot am Zweete Weltkrich. Säi leschten Déngschtgrad war Läitnant.
  • Nom Krich huet hien zu Erlangen Droit studéiert.
  • 1954: Promotioun zum Dr. jur. op der Universitéit Erlange mat der Diplomaarbecht: Untersuchungen über das Delikt der Abtreibung an Hand der gerichtlichen Akten des Landgerichtsbezirkes Amberg der Jahre 1925-1950.
  • 1954: Hie gëtt Regierungsrot am Ëffentlechen Déngscht.
  • 1957-1980: Deputéierten am däitsche Bundestag.
  • 1961-1988: (bis zu sengem Doud) Member vum europäesche Parlament. Do war hie vun 1979 u President vun der Budgetskontrollkommissioun.
  • Den Heinrich Aigner war e Frënd vu Lëtzebuerg an huet sech och villfach aktiv fir lëtzebuergesch Interessien agesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heinrich Aigner – Biller, Videoen oder Audiodateien