Heinrich von Wedell

Vu Wikipedia
Dëse Militärsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Heinrich von Wedell
Gebuer 26. Mee 1784
Magdeburg
Gestuerwen 22. Januar 1861
Berlin
Aktivitéit Feldhär

De Leopold Friedrich Ferdinand Heinrich von Wedel(l), gebuer de 26. Mee 1784 zu Magdeburg, a gestuerwen den 22. Januar 1861 zu Berlin, war e preisesche Generol vun der Kavallerie, Generoladjutant vum Kinnek a vun 1852 bis 1860 Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg.

1856, fir säi sechzegjäregt Militärjubiläum (warscheinlech gouf mam Datum e bësse gefuddelt, well e kaum scho mat 12 Joer an d'Arméi goung) gouf an der Stad eng grouss Zeremonie ofgehalen, wou all zivil a militär Autoritéiten, Musiken, a Veräiner aus der Stad opmarschéiert sinn fir him ze felicitéieren. Vun de Moler Jean-Baptiste Fresez a Michel Sinner goufe siwe 'lieweg Biller' gewisen, wou Zeenen aus dem Wedell senger Participatioun an Krich géint den Napoléon an am polnesche Krich nogestallt goufen.[1]

No him gouf de Fort Wedell genannt, deen ënnert him opgeriicht gouf ma schonn nees e puer Joer no sengem Doud huet missen ofgerappt ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich: Kalennerblieder 1, Lëtzebuerg: BVourg-Bourger, 1979, S.31.