Hot City

Vu Wikipedia

HotCity, och Hot City geschriwwen, ass zanter 2007 e Wifi-Netzwierk vun der Stad Lëtzebuerg, dat den Zougank zum Internet an, iwwer en eegent Portal, hotcity.lu, zu enger Rëtsch gratis Servicer vun der Stad erméiglecht.

Den Accès an d'Internet bezuelt ee mat enger Prepaidkaart, ënner der Form vun enger Rubbelkaart, oder iwwer en Abonnement bei engem Internet-Vertragspartner vun der Stad.

Um Buedem (Trottoire asw) ronderëm d'Wifi-Antenne sinn d'Hotspotte mat WIFI ZONE markéiert.

D'Hot City-Portal[änneren | Quelltext änneren]

An d'Portal www.hotcity.lu kann ee sich z. B. iwwer en Handy, e Smartphone, en iPad, asw. aloggen. Ugebuede ginn eng Rëtsch gratis Applikatiounen, wéi z. B.:

Hotspotten[änneren | Quelltext änneren]

2012 besteet d'Netzwierk aus ronn 770 Hotspotten, dovu 400 am Ausseberäich, 250 an ëffentleche Gebaier (Fluchhafen um Findel, Universitéit, Sportanlagen, asw), an 120 an ëffentleche Privatgebaier (Hotellen, Banken, Campingplazen, asw.). Bis 2013 soll d'Netzwierk op 700 Hotspotten am Ausseberäich ausgebaut ginn.[1]

Hot City s.a.[änneren | Quelltext änneren]

D'Société anonyme Hot City, déi 2009 gegrënnt gouf, organiséiert eng Rëtsch bezuelte Servicer fir Privatklienten, wéi z. B. d'Union commerciale vun der Stad. D'Aktionnäre vun der Gesellschaft sinn d'Stad Lëtzebuerg, mat 51% vun de Parten, an d'Lëtzebuerger Post, mat 49% vun de Parten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (raz), 2012. Luxemburger Wort vum 19. Januar 2012, S. 25: "Hot City": Strahlung laut Studie unbedenklich.