Index librorum prohibitorum

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Index Librorum Prohibitorum, 1564

Den Index librorum prohibitorum (lat. fir "Index vun de verbuedene Bicher") war eng Lëscht vu Wierker, déi Katholicken net liesen duerften. D'Verzeechnis ass 1967 a senger verbindlicher Form ofgeschaaft ginn.

Déi réimesch-kathoulesch Kierch fänkt un, Bicher ze verbidden[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt reng kierchlecht Bicherverbuet geet zeréck op d'Joer 400. Ënner dem Virsëtz vum Theophilus vun Alexandria gouf dekretéiert, keen däerft d'Schrëfte vum Origenes "liesen oder a sengem Besëtz hunn". Am Joer 446 huet de Poopst Leo I. d'Schrëfte vun de Manichäer verbrenne gelooss. Déi éischt Synod, déi ordonéiert huet, datt Schrëfte sollte verbrannt ginn, déi vun hir als "verdaamt" ugesi goufen, war 681 déi Drëtt algemeng Synod vu Konstantinopel. Den Decretum Gelasianum, deen 496 um réimesche Konzil erauskoum, ass deen eelsten Index vu verbuedene Bicher.

D'Bicherverbueder am Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Dem Berengar vun Tours seng Owesmoolzechtsléier gouf 1050 op der Synod vu Vercelli verdaamt. Nodeem den Abaelard 1120 op der Synod vu Soissons gezwonge gouf, seng "Theologesch Introduktioun" ze verbrennen, huet den Innozenz II. 20 Joer méi spéit ordonéiert, hien an e Klouschter anzespären a seng Schrëften ze verbrennen. An enger Bull vum Poopst Johannes XXII. gouf ënner aneren de Marsilius vu Padua zum Heretiker erkläert. Ee Joer méi spéit huet en de Bann iwwer de William vun Ockham verhaangen. Am Laf vum 13. Joerhonnert gouf a Frankräich vu verschiddene Synoden de Laië verbueden, d'Bibel ze liesen, mat Ausnam vun de Psalmen. Vum Gregor IX. an deene Peepst, déi no him koumen, gouf zu widderhuelte Kéieren d'Verbrenne vum jiddeschen Talmud ordonéiert.

De Kampf géint dem Luther seng Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

Weltlech Hëllef oder d'Edikt vu Worms[änneren | Quelltext änneren]

Duerch dat Edikt vum Keeser, dat am Mee 1521 publizéiert gouf, krut déi kathoulesch Kierch an hirem Kampf géint Schrëften, déi hir net gaange sinn, weltlech Hëllef. Op déi Manéier konnten Troun an Altor zesumme widderbuuschteg Literatur an Iddien ënnerdrcken.
Den Text vum Edikt riicht sech ausdrécklech géint "....schänterlech Schrëfte géint de Poopst, d'Prelaten, d'Prënzen, d'Universitéiten, d'Fakultéiten an anstänneg Persounen".

Déi réimesch Inquisitioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Enn vum "Index" duerch dat Zweet Vatikanescht Konzil[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Sekundärliteratur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Index librorum prohibitorum – Biller, Videoen oder Audiodateien