Ironie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Ironie ass an der Literatur souwéi an der Rhetorik e bewosste Konschtgrëff, fir enger Ausso en "duebele Buedem" ze ginn.

D'Ironie riicht sech un erwuesse Lieser oder Nolauschter, well Kanner eréischt amgaange sinn, semantesch Zesummenhäng an hiert vernetzt Denken no an no "anzebauen".

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Sokratesch Ironie

D'Sokrates-Dialogen, déi vum Platon notéiert goufen, sinn d'Ironie an hir Bedeitung gutt z'erfaassen. Besonnesch de Gorgias- an de Protagoras-Dialog weisen, wéi de Sokrates et fäerdegbréngt, seng dialektesch "Géigner" duerch Froen derzou ze kréien, datt déi mierken, datt hiert "Wëssen" an hir "Iwwerzeegungen net vill op d'Wo bréngen.

[änneren] Ironie op der Bühn

An dem Aristophanes senge Kamméidistécker ass d'Figur vum "Déifstapler" ze fannen.

[änneren] Ironie als Waff

An Diktature spillt d'Ironie eng speziell Roll, well vill Kënschtler an hire Wierker d'Ironie benotzen, fir hir Iddien "anzepaken". E gutt Beispill sinn déi ungaresch, polnesch, tschechesch a polnesch Filmregisseuren an de leschte Joren ënner der kommunistescher Zensur.

[änneren] Fir ze liesen

  • Platon: Platon. Sämtliche Dialoge. Band 1, 1988, Hamburg, Felix Meiner Verlag, iwwerdroe vum Otto Apelt. Am Band 1 sinn ë.a. de Protagoras- an de Gorgias-Dialog ze fannen.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen