Israel-Libanon-Konflikt
| Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dësen Text entsprécht net de Wikipedia-Critèren. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Text eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Den Israel-Libanon Konflikt ass deen neisten Noostkonflikt.
Di militäresch Ausernanersetzung huet den 12. Juli 2006 ugefaangen duerch e Grenzugrëff vun der Hisbollah. De Konflikt dauert nach ëmmer un.
Hannergrënn [änneren]
1978 ass Israel an de Libanon amarchéiert nodeems no engem Attentat vun de palestinensechen Ënnergrondkämpfer an Nordisrael 37 Mënschen ëmkomm sinn. Di israelesch Truppen hu sech no e puer Wochen awer erëm zréckgezunn an eng Pufferzone vun enger Breet vun 10 km ass entstanen. 1982 huet di israelesch Arméi e Feldzuch géint déi palestinensesch Organisatiounen am Libanon gestart. Dëst ënnert dem Komando vum Ariel Shannon. An de Flüchtlingslagern zu Beirut fënnt e Massaker u Palestinenser statt an de libanesche Staatspresident Bechir Gemayel konnt säin Amt net untrieden, well hie ass vidrun bei engem Bommenattentat ëm d'Liewe komm ass. Den israelesche Friddenskontrakt gouf vum Libanon net ratifizéiert. 1985 zitt sech Israel aus dem Libanon zréck, behält sech awer eng Sécherheetszon. 1990 war den Enn vum libaneseschen Biergerkrich. Israel an de Libanon komme fir Friddensgespriecher zesummen an di éischt Noost-Konferenz fënnt zu Madrid statt. 1996 marschéiert Israel op en Neits an de Libanon an. Dës Kéier war en Ugrëff an Nordisrael vun den Hisbollah. Dëse Konflikt huet vill Affer gefuerdet a vill Mënsche sinn aus dem Libanon geflücht. Den israelesch Ministerpresident Ehud Barak huet 1999 de vollstännege Réckzug ugekënnegt an deen duerch en Friddenskontrakt bestätegt. Dëse Friddesofkommen ass awer duerch Syrien a dem Libanon gescheitert. De Barak huet seng Truppen aus dem Südlibanon ofgezunn, während d'Hisbollah sech op de geraumten Territoiren ausgebreet hunn. 2004 huet d'UNO gefuerdert datt all Truppen aus dem Libanon sollen ofgezu ginn.
De Verlaf [änneren]
Den 12. Juli ass Israel no der Entféierung vun zwee Zaldoten duerch di schiitesch Miliz Hisbollah an de Libanon amarschéiert. De Nasrallah, Chef vun der Hisbollah, wollt palestinensesch géint libanesesch Gefanger atauschen. Israel mécht allerdéngs de Libanon dofir verantwortlech.
| Commons: 2006 Lebanon War – Biller, Videoen oder Audiodateien |