Ivan Boumans

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Ivan Boumans, gebuer am November 1983 zu Madrid, ass e spuenesch-lëtzebuergesche Museker, Komponist, Dirigent a Professer.

Liewen a Studium[änneren | Quelltext änneren]

De Boumans huet a Spuenien, der Heemecht vu senger Mamm, ugefaange Musek ze léieren, am Ufank zu Valverde del Jucar an duerno an enger privater Museksschoul zu Cuenca.

Am Joer 1998 koum hien op Lëtzebuerg, d'Heemecht vu sengem Papp, wou hien nach weider am Conservatoire vu Lëtzebuerg Musek studéiert huet (Kompositioun, Orchester Direktioun, Harmonie, Piano, Klarinette, Museksgeschicht, Uergel, Pedagogie,... ë. a.)

Vun 2006 bis 2011 huet hien zu Paräis, um Conservatoire national supérieur de musique de Paris studéiert wou hien e Master Diplom am Musekschreiwen gemaach huet.

Kompositiounen[änneren | Quelltext änneren]

Säi Kompositiounekatalog huet méi wéi honnert Titelen, mat Wierker déi vu symphonesch bis op Solo Repertoire ginn. Vill vun deene Kompositioune sinn Optragswierker a goufe vu besonneschen Ensemblen zu Lëtzebuerg an am Ausland opgefouert .

E puer vu senge Wierker sinn op CD opgeholl ginn an/oder si bei Internationale Verlagshaiser disponibel.

Aner Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass Chargé de Cours am Conservatoire de musique du Nord vun Ettelbréck, an och an der Musekschoul vun der UGDA an dirigéiert och d'Harmonie Municipale de Rollingergrund, d'Chorale Ste. Cécile vu Wuermeldeng an de Luxembourg Studio Orchestra.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]