Jacques Drescher

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jacques Drescher, gebuer de 7. November 1958 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist.

Hen huet ë.a. am Lëtzebuerger Land déi satiresch Säit d'Ländchen geschriwwen, ier en 1984 an d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek gewiesselt ass, wou en ë.a. freides d'"satiresch Bäiluecht" De Feierkrop publizéiert huet.

1993 huet hien d' Zeitung verlooss an aus dem Feierkrop, zesumme mat Aneren, eng eegestänneg Wochenzeitung, Den Neie Feierkrop gemaach. Dodra schreift e bis haut ënner verschiddene Pseudonymer, ewéi Yeti, Dr. Escher, Mulles Mubautz, Den Hellege Willibrord, asw.

Hie war Sekretär vun der Bréifdréieschgewerkschaft.

De Jacques Drescher ass de Brudder vun der Kënschtlerin Doris Drescher.

[änneren] Publikatiounen

  • Bericht aus der Kleinstadt. Satiren. 1981.
  • Der Papst und der Mörder. Die Manipulation des Ali Agça. 1985.
  • De Feierkrop. Nummern 1-200. 16. März 1984 - 2. Dezember 1988. 1992 (Facsimile vun de Säiten aus der Zeitung).
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht