Jamala

Vu Wikipedia
Jamala
Gebuertsnumm Сусана Алімівна Джамаладінова
Gebuer 27. August 1983
Nationalitéit Ukrain
Aktivitéit Operesänger, Lidderschreiwer
D'Jamala beim Odessa-Musekfestival 2012

D'Jamala, ukr. Джамала / Djamala, Krimtataresch: Camala, biergerlech: Sussana Alimiwna Djamaladinowa / Сусана Алімівна Джамаладінова, gebuer de 27. August 1983 zu Osch a Kirgisistan, ass eng ukrainesch Sängerin vu krimtatarescher Ethnie. Se huet fir d'Ukrain den Eurovision Song Contest 2016 zu Stockholm gewonnen.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Jamala beim Eurovision Song Contest 2016 zu Stockholm
D'Jamala no hirem Gewënn beim Eurovision Song Contest 2016

D'Susana Djamaladinowa ass zu Osch a Kirgisistan an zu Aluschta op der Hallefinsel Krim opgewuess. 1944 goufen hir Virfahre wéi all Krimtataren ënner dem sowjeteschen Diktator Josef Stalin vun der Krim an Zentralasien verdriwwen. No der Opléisung vun der Sowjetunioun 1991 koumen hir Elteren op d'Krim zeréck.[1] Hire Papp ass Krimtatar a wéi si Moslem, wärend hir Mamm Chrëschtin vun armeenescher Originn ass.[2]

D'Jamala ass Spinto-Sopranistin an aktiv an den Genren Jazz, Soul, R&B a Weltmusek, mat klasseschen a Gospel-Elementer.

Bekannt gouf se virun allem duerch en Optrëtt beim New Wave Festival 2009 am lettesche Jūrmala, wou se e Spezialpräis fir hir aussergewéinlech stëmmlech Fäegkeeten an hir Wandelfäegkeet bannent de Genre krut.

2011 ass se déi éischte Kéier mat dem Titel Smile bei der ukrainescher Virentscheedung fir den ESC zu Düsseldorf ugetrueden an an der Finall op déi drëtte Plaz komm.

2016 huet se nach eng Kéier bei der ukrainescher Virentscheedung matgemaach an d'Finall mat dem Titel 1944, enger Uspillung op eeben dat Joer, an dem de Stalin d'Krimtataren an Zentralasien deportéiere gelooss huet, gewonnen. Am Text geet se op déi verluere Kandheet an der Heemecht an dat grujelegt Behuele vun de Sowjets an.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: For Every Heart
  • 2012: Live at Arena Concert Plaza (Concert-DVD)
  • 2013: All or Nothing
  • 2014: Thank You (EP)
  • 2015: Подих (Otem)

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Album
2010 You Are Made of Love For Every Heart
It's Me, Jamala
Smile
2012 Я Люблю Тебя All or Nothing
Hurt
2013 Кактус
2014 Заплуталась Thank You
Злива (op kengem Album)
Чому?
2015 Очима Подих
Шлях додому
Подих
2016 "1944" (op kengem Album)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jamala – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://ukr.segodnya.ua/culture/stars/dzhamala-hochu-pyshnuyu-krymsko-tatarskuyu-svadbu-591306.html
  2. http://www.theguardian.com/world/2016/feb/11/crimean-singer-in-line-to-represent-ukraine-at-eurovision