Jaroslawler Gare
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Jaroslawler Gare (op russesch: Ярославский вокзал) ass eng Kappgare zu Moskau. Si gouf 1862 op der Komsomolskaja Plaz gebaut.
D'Gare ass den Ausgankspunkt vun der Transsibirescher Eisebunn. Do fiert ënner anerem de leegendären Zuch Rossija fir op Wladiwostok fort.
D'Jaroslawler Gare verbënnt Moskau mat dem Norden, dem Ural a Sibirien. Iwwer d'transsibiresch Eisebunn kënnt ee bis an d'Mongolei an a China.
Architektur vun der Gare [änneren]
An der Nisch vum Giewel sinn dräi Wopen duergestallt: Den hellege Georg vu Moskau, den Äerzengel Michael deen en Däiwel niddermécht, an de Bier mat der Aaxt vun der Stad Jaroslawl.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Jaroslawler Gare – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Gare vu Moskau
Leningrader Gare | Jaroslawler Gare | Kasaner Gare | Kiewer Gare
Kursker Gare | Pawelezer Gare | Rigaer Gare | Wäissrussesch Gare