Jean-Nicolas Klensch (Ingenieur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ingenieur Jean-Nicolas Klensch. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Nicolas Klensch.
Jean-Nicolas Klensch
Gebuer 17. Juli 1837
Beetebuerg
Gestuerwen 23. September 1907
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

De Jean-Nicolas Klensch, gebuer de 17. Juli 1837 zu Beetebuerg[1] a gestuerwen den 23. September 1907 am Alter vu 70 Joer an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker[2].

1868 huet hien eng Autorisation d'exploitation fir d'Leekolle vun Aasselbuer ugefrot.

Den 10. Juni 1884 gouf hien als Vertrieder vum Kanton Esch-Uelzecht als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Hie gouf 1890 erëmgewielt a war am Ganzen 12 Joer Deputéierten[2].

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Annonce vum Doud vum Jean-Nicolas Klensch a L'indépendance luxembourgeoise vum 23.09.1907 op eluxemburgensia.lu
  2. 2,0 2,1 Notiz iwwer de Jean-Nicolas Klensch am Luxemburger Wort vum 23. September 1907
  3. Memorial N°39 vun 1898 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen.