Käschtebam zu Miersch

Vu Wikipedia
Käschtebam zu Miersch
De Käschtebam am Linden-Haff (2024)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Plaz Miersch
Adress Rue de Colmar-Berg
Koordinaten 49°45'3,35"N, 6°6'22,82"O
Bamaart Wëlle Käschtebam
Héicht 15,4 m (2023)
Duerchmiesser 1,02 m (2023)
Ëmfang 3,20 m (2023)
Käschtebam zu Miersch (Lëtzebuerg)
Käschtebam zu Miersch
Käschtebam zu Miersch
Lag vum bemierkenswäerte Bam

De Käschtebam zu Miersch ass e Wëlle Käschtebam (Aesculus hippocastanum, (fr) marronnier commun, (de) Gewöhnliche Rosskastanie) deen zu Miersch an der Gemeng mam selwechten Numm steet an deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Bam steet laanscht der Nationalstrooss 7 fir op Colmer-Bierg, am Haff vum fréiere Linden-Haus, dat ëm 1820 gebaut gouf. Lénks am Haff ass hautdesdaags d'Gebai mat de Regionalbüroe vum Kadaster a riets d'Mierscher Kommissariat vun der Police.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Linden-Haus Miersch.

Am Mee 2008 ass den Haff, wou de Bam steet, komplett renovéiert ginn an d'Schlaken an de Kräsi um Buedem goufe mat Pawee ersat.

Ronderëm de Käschtebam gouf en diskreeten Drainagesystem agebaut, déi doudeg Äscht goufen ewech geholl an d'Kroun vum Bam gouf stabiliséiert.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Den Alter vum Bam kann op 100-120 Joer geschat ginn a wär deemno zur Zäit geplanzt ginn, wéi de Prosper Linden seng Molkerei am Joer 1904 opgemaach huet. De Bam ass an engem gudden Zoustand, mat enger schéiner Kroun, déi ënnen erlaanscht weit an uewen ofgerënnt ass.(Stand: 2024)

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer
1981 2,67 0,85
2000 3,02 0,96 19,00
2023 3,20 1,02 15,40

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 178-179, Foto an Text)
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. Tabell S. 242, ouni Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. S. 110-111, Foto an Text)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Käschtebam zu Miersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Les arbres remarquables, 2023 an der Literatur