Kakuett
| Kakuett | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Kakuetten |
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Arachis hypogaea „Linnaeus.“ |
|||||||||||||||
D'Kakuett (Arachis hypogaea), och Afennoss genannt ass eng Planz aus Famill vun de Scheekefriichten. Si bléit haaptsächlech a Südamerika, an den Tropen a Subtropen.
D'Kakuett entsteet aus engem giele Kraut dat ee Joer laang bléit. Nodeems et verbléit ass, entsteet eng längelzech, gekrëmmte Fruucht, déi sech an de Buedem erandréckt. Do gëtt de Som zeideg, an der Regel zwéi pro Scheekefruucht.
Kakuettë kann ee mat Zocker, Salz oder geréischtert iessen. Et gëtt ausserdeem Kakuettenueleg a Kakuettebotter doraus gemacht.
Den Ueleg vun den Nosskären huet vill essenziell Fettsaieren, wéi z.B d'Linolsaier. Si enthalen ausserdeem vill Vitaminnen, wéi de Vitamin E, Biotin, Kalium a Magnesium.
D'Kakuetten hunn allerdéngs den Nodeel, datt si vill Liewensmëttelallergië kënnen ausléisen.
| Commons: Arachis hypogaea – Biller, Videoen oder Audiodateien |