Kaméileblumm

Vu Wikipedia
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Asteridae
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Ënnerfamill Asteroideae
Gattung Kaméileblummen (Matricaria)
Wëssenschaftlechen Numm
Matricaria chamomilla
Matricarnia recutita
L.

D'Kaméileblumm (Matricaria chamomilla oder och Matricaria recutita) ass eng Planzenaart aus der Famill vun den Asteraceae. Si war ursprénglech a Süd- an Osteuropa doheem, haut ass se ze soen a ganz Europa verbreet. Et ass eng al Heelplanz, déi virun allem bei Problemer mam Daarm oder mam Mo a bei Entzündungen hëlleft. Et ass eng eejäreg Planz déi tëscht 15 a 50 cm héich gëtt. D'ganz Planz huet deen typesche Kamille-Geroch. D'Blieder si 4 bis 7 cm laang a mat 2 - 3 Wutzen. Déi eenzel Wutze si schmuel, knapps 0,5 mm breet, an hunn eng pickeg Spëtzt.

Eng eenzel Planz kritt 8 bis 120 (seele bis zu 900) Bléiekäppercher. Dës si bis 25 mm breet a stinn op engem 3 bis 10 cm laange Still. Se bléien tëscht Mee a September. D'Kaméileplanze wuessen um Flouer an op Broochen, am léifstem op frëschem, nierstoffräichem, meeschtens kallekaarmen an éischter leemege Biedem.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kamille – Biller, Videoen oder Audiodateien