Kazen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Kazen | |||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Wëll Kaz |
|||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||
|
|||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
| Felidae „Fischer“ 1817 |
|||||||||||||
| Ënnerfamilljen | |||||||||||||
Kazen (Felidae) sinn eng Famill aus der Uerdnung vun de Raubdéieren an aus der Iwwerfamill vun den Kazendéieren. Si zielen zu den Mamendéieren a stelle mat ongeféier 5000 Aarten eng kleng Klass vun de Wierbeldéieren duer.
Si si waarmbliddeg, mat engem Pelz an d'Weibercher hunn Mëllechdrüsen.
[änneren] Evolutioun
Viru 70 Millioune Joer sinn e puer Gruppe vun Carnivoren, kleng, wiselähnlech Déieren enstanen, déi di noutwenneg Viraussetzung hate fir z'iwwerliewen an fir sech weiderz'entwéckelen. Am Laf vun de Joren si et der ëmmer méi ginn bis d´Miacis virun ongeféier 50 Millioune Joer sech entwéckelt huet. D'Miacis zielt zu de Virfahren vun den heitege Raubdéieren, an och der Kaz.
[änneren] Anatomie
Kazen hunn e muskuléise Kierper, dee si séier a kraftvoll bewege kënnen. Di meescht Kaze liewen a Bëscher, wou si duerch hier kräfteg viischt Been a scharf Krallen op d'Beem klamme kënnen. Si hu kräfteg hënnescht Been mat dene si wäit an héich sprange kënnen.
Hiren Ënnerkifer kënne si just op an of bewegen a si hunn laang a spatz Eckzänn an eng rau Zong.
[änneren] Systematik
Et ginn ongeféier 38 Kazenarten déi an 3 Ënnerfamilljen opgedeelt sinn:
- Ënnerfamill: Felis oder Klengkazen
- Gattung Kaz (Felis) mat der Hauskaz
- Gattung Otocolobus
- Gattung Catopuma
- Gattung Profelis
- Gattung Luchsen (Lynx)
- Gattung Prionailurus
- Gattung Caracal
- Gattung Oncifelis
- Gattung Herpailurus
- Gattung Leptailurus
- Gattung Orealiurus
- Gattung Leopardus
- Gattung Puma
- Ënnerfamill: Pantherinae oder Grousskazen
- Ënnerfamill: Acinonychinae

