Kurlerbaach

Vu Wikipedia
Kurlerbaach
Längt 4 200 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Schleed
Héicht 235
Koordinaten 49° 30’ 24.9’’ N
      06° 19’ 06.3’’ O
Konfluenz
Leeft an Musel
Plaz Huefgréin
Héicht 143
Koordinaten 49° 30’ 09.4’’ N
      06° 22’ 02.4’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Guttland
Uertschaften Elweng
Wëntreng

D'Kurlerbaach ass eng kleng Baach am Kanton Réimech, a lénksen Niewefloss vun der Musel.

Si huet hir Quell bei Elweng, um Flouer Schleed op enger Héicht vu ronn 235 Meter. Op hirem Laf an ëstlecher Richtung hëlt si vu lénks d'Riederbaach op, da vu riets eng Baach ouni Numm, déi vum Klëppel erofkënnt, vu lénks eng ouni Numm vum Ställchesbësch erof, an dann nees vu riets eng vum Härebësch erof. Dono kënnt vu lénks, um Flouer Quärten, eng Baach aus dem Kuebendällchen, an dann zwou kuerzer vu riets aus dem Pafeburerbësch an dem Weierbierg erof. Kuerz viru Wëntreng leeft nach eng Baach ouni Numm vum Dolter erof, vu riets eran.

D'Kurlerbaach leeft dann duerch Wëntreng, wou s'op enger Längt vun 330 Meter an en ënnerierdesche Kanal geluecht gouf. Dono béit se no Osten a Richtung Musel, déi s'awer net méi erreecht, well s'an de Baggerweieren där hiren Niveau erreecht an op enger Héicht vun 143 Meter dodra leeft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]