Kuwaitiséierung

Vu Wikipedia

Kuwaitiséierung ass e Konschtwuert, dat ausdréckt, datt eppes am Gaang ass, wéi den oder wéi am Kuwait ze ginn.

An engem sozio-ekonomeschen a politesche Kontext bezeechent "Kuwaitiséierung" den Ëmstand, datt - wéi am Kuwait - eng Minoritéit vun Awunner an engem Land d'Nationalitéit vun deem Land, an deemno d'politescht Soen, hunn, wärend eng Majoritéit, als Auslänner (déi do si fir ze schaffen), keen (oder méi e klengt) politescht Matsproochrecht hunn. Anerersäits bedeit dësen Ëmstand och, datt et zu enger Ofhängegkeet vun auslänneschem Know-how an auslännescher Main-d'Oeuvre kënnt, well ganz wirtschaftlech Secteure praktesch exklusiv vun Auslänner besat sinn.

Am Kuwait liewen 3 bis 3,5 Millioune Leit, wouvun der ronn 2 Milliounen Net-Kuwaiter sinn (2007). 93% vun de Kuwaiter schaffe beim Staat, wou dogéint 97% vun den Aarbechtsplazen am Kuwait vun Auslänner besat sinn.[1]

"Kuwaitiséierung" zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Op Lëtzebuerg bezu gëtt mat "Kuwaitiséierung" op den Ëmstand verwisen, datt d'Zuel vun den Net-Lëtzebuerger, déi zu Lëtzebuerg schaffen, sief et als Residenten oder als Frontalieren, ëmmer méi grouss gëtt (2008 si 40% vun alle Leit, déi schaffen, Frontalieren; iwwer zwee Drëttel vun allen Aarbechtsplaze si mat Leit besat, déi kee Lëtzebuerger Pass hunn).

Dacks gëtt de Begrëff a politeschen Diskussioune gebraucht, wou et drëms geet, wéi a sou enger Situatioun d'demokratesch Participatioun vun allen Awunner an d'Legitimitéit vu politeschen Decisiounen, an domat den Zesummenhalt vun der Gesellschaft, oprecht erhale gi kann.

Zu Lëtzebuerg gouf de Begrëff an deem Zesummenhank fir d'éischt Enn vun den 1980er, uganks den 1990er Jore gebraucht.[2]

"Kuwaitiséierung" am Kuwait[änneren | Quelltext änneren]

Am Kuwait selwer gëtt de Begrëff fir d'Auswierkunge vun engem Gesetz gebraucht, dat Quote fir d'Astellung vu Kuwaiter a Privatfirme festschreift (an deemno am Fong eng "Anti-Kuwaitiséierungs"-Mesure, am Sënn wéi uewe beschriwwen, ass).

Deene Kuwaiter, déi an enger Privatfirma schaffen, gëtt eng Zousazpai vum Staat garantéiert. Domat soll et engersäits de Kuwaiter méi lackelech gemaach ginn, am Privatsecteur ze schaffen, wärend et fir d'Patronen intressant gemaach gëtt, Kuwaitien anzestellen, well se aus hirer eegener Täsch eng manner héich Pai musse bezuelen. Privatfirmen, déi dës Quoten net erreechen, ginn duerch steierlech Mesurë 'bestrooft'.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Analog zur Kuwaitiséierung gëtt et och Emiratiséierung, Omaniséierung, Qatariséierung a Saudiséierung.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://books.google.com/books?id=gNN5hkb3js8C&pg=PA48&lpg=PA48&dq=kuwaitisation&source=web&ots=7R-yy5Vw73&sig=aRX6VnP-9E11LXuwoVAlrZ03xME&hl=fr&sa=X&oi=book_result&resnum=6&ct=result
  2. z. B. am Lëtzebuerger Land oder am Forum
  3. http://books.google.com/books?id=gNN5hkb3js8C&pg=PA48&lpg=PA48&dq=kuwaitisation&source=web&ots=7R-yy5Vw73&sig=aRX6VnP-9E11LXuwoVAlrZ03xME&hl=fr&sa=X&oi=book_result&resnum=6&ct=result#PPA48,M1