Lac du Der-Chantecoq
De Lac du Der-Chantecoq oder Lac-réservoir Marne (dacks als Lac du Der ofgekierzt) ass e kënschtleche Séi an der franséischer Regioun Champagne-Ardenne, op der Grenz vun den Departementer Marne an Haute-Marne.
Haaptzweck vum Séi ass et, den Debit vun der Marne, engem wichtegen Niewefloss vun der Seine, ze reguléieren, an esou Héichwaasser zu Paräis mat ze verhënnerern. 1967 gouf mam Bau ugefaangen, an 1974 gouf en ageweit. 3 Dierfer hunn dem Séi misse Plaz maachen. En ass 48 km2 grouss an domatter dee gréisste kënschtleche Séi an Europa (Stauséien net agerechent). En ass an der Moyenne 4–7 m déif, op der déifster Plaz 18 m. Fréier war do eng Supp mat Eechen ("Der" kënnt vum Kelteschen "dervos" an heescht "Eech").
De Lac du Der ass op enger Fläch vu 6.536 ha eng Natura 2000 Schutzzon; 200 Vullenaarten liewen do, zillen hier Jonk op oder benotzen de Séi als Tëschestatioun op hirem Zuch an de Süden an zréck. Apart d'Huergänsen, eng 70.000 bis 80.000 all Joer, maachen do Statioun.
Weider hunn eng 45 Libellenaarten, 40 Mamendéier- an 20 Amphibienaarten do hire Liewensraum. Méi wéi 200 Planzenaarten goufe ronderëm de Séi festgestallt. Weiderhi ginn et eng jett Fëschaarten am Waasser vum Séi, dee bei de Fëscher fir seng Kaarpen bekannt ass.
De Lac du Der ass och e beléiftent Zil fir Fräizäittourismus, 2005 goufen 1,1 Millioun Besicher gezielt.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Lac du Der-Chantecoq – Biller, Videoen oder Audiodateien |