Hoergäns

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Huergäns)
Hoergäns, Krukert
E Krukert

E Krukert
E Krukert
Aner Sproochen: de: Kranich
fr: Grue cendrée
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Gruiformes
Famill: Gruidae
Gattung: Hoergänsen
Wëssenschaftlechen Numm
Grus grus
(Linnaeus, 1758)
Hoergänsen um Zuch (2018, iwwer Heeschpelt).

Hoergänsen um Zuch (2018, iwwer Heeschpelt).
Hoergänsen um Zuch (2018, iwwer Heeschpelt).
Krukerten
Verbreedung an Zuchrouten
Ee

D'Hoergäns, och nach Huergäns oder Krukert (Grus grus), ass e Vugel aus der Famill vun de Gruidae. D'Aart gehéiert also net zu de Gänsen (Anseridae).

D'Hoergänse liewe vum Fréijoer bis an den Hierscht an de Fiichtgebidder an an de Mouere vu Skandinavien, Osteuropa an och groussen Deeler vu Sibirien. Si friesse Planzen a kleng Déieren. D'Zuel vun de Bruttkoppelen huet zanter dem Ufank vun den 1990er Joren zougeholl, soudatt d'Aart haut net a Gefor ass. 2003 gouf de Bestand op ronn 360.000 Exemplare geschat[1].

Am Hierscht verloossen d'Hoergänsen hir Bruttgebidder am Norden a fléien a Gruppen no Süden, wou s'iwwerwanteren. Déi europäesch Hoergänsen iwwerwantere virun allem am Süde vu Spuenien, an Nordafrika an zum Deel och südlech vun der Sahara. Zanter enger Rëtsch Joren iwwerwantert och eng Grupp vun hinnen um Lac du Der am Nordoste vu Frankräich. Eng aner Grupp iwwerwantert an de Landes am Naturschutzgebitt ëm d'Kueleweieren an der Géigend vu Morcenx an Arjuzanx wat zanter 1990 eng Plaz vun internationaler Importenz fir hir Iwwerwanterung ass. Am Virfréijoer zéie se dann erëm an ëmgedréinter Richtung an hir Bruttgebidder zeréck.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Hoergäns ass e grousse Vull, deem säi Fiederkleed unis gro ausgesäit. Vun no gekuckt gesäit ee vill gro Nuancen déi iwwer de Réck dacks an d'brongelzegt iwwerginn, woubäi verschidde Vulle ganz aus der Rei danzen, veschiddener kënne ganz blatzeg bis wäiss ausgesinn, an anerer ganz donkel. Et gëtt ugeholl datt d'Fiederkleed direkt no der Mauser méi hell ass, mä et goufen der och schonn observéiert déi laang no der Mauser nach ganz hell waren.[2] Jong Vullen hunn e bal ganzt unisbrongt Fiederkleed.

D'Hoergäns huet besonnesch laang Been an e laangen Hals. Si ass 100–120 cm grouss och alt mol bis 1.50, mat enger Spanwäit vun 180 bis 240 cm an engem Kierpergewiicht vu 4 bis 6 kg wat aus hir de gréisste Vull an Europa mécht. D'Fiederkleed ass gréisstendeels gro gehalen, mat engem schwaarz-wäissen Hals bei erwuessene Vullen. De kuerze Schwanz huet e Putsch mat schwaarze Fiederen, deen een um Buedem net gesäit, well e vun de schwaarze Spëtze vun de grousse Flillekefiederen iwwerdeckt gëtt. Uewen um Kapp huet s'eng kleng, plakeg, däischterrout gefierft Hautplaz, déi awer an der fräier Natur kaum ze gesinn ass, a wärend der Puerungszäit méi grouss gëtt a méi hellrout liicht, oder och wann de Vull opgereegt ass. Déi vun de Männercher ass méi grouss wéi déi vun de Weibercher. Hir grouss Flilleke sinn op den Enner wéi Fangeren opgespléckt, wat aus hinne gutt Seegler mécht. Sou vereenege s'och ganz gutt déi zwou Fluchaarten, de Seegelfluch an de Fluch mat Flillekschlag (geschloene Fluch), woubäi ee muss soen datt wärend dem Zuch nëmmen de leschtgenannten a Fro kënnt.

Fluch[änneren | Quelltext änneren]

Wärend dem Zuch forméieren d'Hoergänse meeschtens spektakulär Gruppen, dacks a Form vun engem Kreesbou, engem V[3], engem W oder enger Eent. Déi speziell Fluchformatiounen hëllefen Energie spueren. E Flillekschlag generéiert op der Extremitéit vum Flillek e kreesfërmegen opsteigende Loftwierbel op deen de Vull hannendru sech souzesoe stäipe kann. Fir deen Effet ausnotzen ze kënnen a keng Kollisiounen ze provozéieren, mussen d'Hoergänse beim Fluch ëmmer eng un d'Wandvitess ugepasst Distanz zoueneen halen. Eng Formatioun vu 25 Hoergänse ka sou mat dem selwechten Energieverbrauch ëm déi 70 % méi wäit fléie wéi en eenzele Vull.

Um Zuch hale se Kontakt ënnerenee mat engem charakteristesche Ruff, dee wäit ze héieren ass (a ville Sproochen ass hiren Numm vun deem Ruff ofgeleet[4]). De Ruff ass besonnesch wichteg beim Nuetsfluch. D'Hoergänse fléien net nëmmen a Formatioun mä och dacks a Gruppe mat bis en ettlech honnert Vullen.

D'Hoergäns kann eng Fluchvitess vu 40 bis 80 Kilometer an der Stonn, bei gënschtegem Wand souguer bis 100 km erreechen. Hir Fluchhéicht iwwer dem Flaachland läit tëscht 200 a 1.500 Meter. Fir iwwer d'Bierger ze kommen z. B. an de Pyrenäen, fléie s'op 4.000 Meter an am Himalaya souguer alt bis op 10.000 Meter.

Ernierung[änneren | Quelltext änneren]

Wéi vill aner Vullen huet d'Hoergäns differenzéiert Friessgewunnechten. Just virun an an der Bréiz (Fréijoer a Summer) frësst se haaptsächlech, fir méi en héije Proteingehalt ze kréien, kleng Déiere wéi Insekten, Schleeken a Wierm awer och Fräschen, Eidechsen a kleng Schlaangen, a raibert souguer d'Näschter vu Spatzevullen aus. Wärend der Iwwerwanterung huet se Preferenze fir Planzekascht wéi Grieser, Somkären a jonk Planzen.

Reproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Entwécklung vun de Bruttkoppelen
Land 1986 1994 -> 2005
Tschechesch Republik 0 1-5 10-20
Frankräich 0 1 3
Holland 0 0 1
Dänemark 0 3 10
Estland ? 600-700 5.300
Lettland ? 300-600 300-600
Litauen ? 200-300 550-650
Finnland 4.000 4000-5000 4000-6000
Däitschland 870 1300-1600 3.325
Polen 1000 2300-2600 2300-2600
Schweden 16.000 10000-15000 20.000
Norwegen 900 100-1500 1000-1500
Total: 22.720 19.705-27.311 36.802-40.014

Déi meescht Koppele bleiwen hiert ganzt Liewen zesummen. D'Hoergänse bréien um Buedem. Si bauen hiert Nascht op fiichtem, dacks op suppegem Ënnergrond oder am niddrege Waasser. Fir de Bau vum Nascht benotze se Lëtschen an aner Grieser a Planzen am Ëmkrees vun 10 m ronderëm d'Nascht, dat en Duerchmiesser bis zu engem Meter huet. Et läit dacks 10 bis 20 cm iwwer der Waasseruewerfläch. D'Weibche leet ee bis dräi, meeschtens zwee Eeër, déi vu béide Partner bebritt ginn. D'Jippelcher verloossen d'Nascht ongeféier een Dag nom Ausgoen, a ginn da jiddwereent vun engem vun den Eltere begleet a gefiddert. Schonn no dräi Deeg sichen déi Kleng hir Nahrung selwer.

Migratioun[änneren | Quelltext änneren]

Hoergänse si sougenannt partiell Migranten, d. h. ënner hinne gëtt et Populatiounen déi migréieren an anerer déi op der Plaz bleiwen. D'sedentär Charakteristik fënnt e bei Hoergänsen an der Tierkei an an Däitschland wou se net wäit vun hire Bruttplazen ewech iwwerwanteren. Déi aner Populatiounen deplacéiere sech op méi groussen Distanzen tëscht de Bruttgebidder an de Wanterplazen, ouni awer de Kontinent ze verloosse mat Ausnam vun e puer honnert Vullen déi vu Gibraltar aus nach weider a Marokko fléien. Well d'Migratioun vun de Vullen eng Upassung un d'Klimabedéngungen ass, hunn d'Fluchroute mat der Zäit geännert. Déi Routen déi mer haut kennen, sinn no der Würmzäit entstanen. Sou kann ee soen datt déi Routen, wéi d'Gletschere sech zeréckgezunn hunn, Kolonisatiounsstrecken no Norde waren, fir do wärend der waarmer Joreszäit vun der Onmass Fudder ze profitéieren, dat et déi Zäit do gouf. D'Hoergäns migréiert net wéi aner Vullen op enger breeder Front no Süden oder no Norden, mä se flitt a relativ schmuele Couloiren, vun deenen et der just aacht gëtt.[5] Se mécht och keng grouss Etappen a flitt meeschtens am Dag. Nuetsflich sinn zwar net rar an a verschiddene Jore souguer dominant.

Hoergänsen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg läit op der westlecher Fluchroute vun den Hoergänsen. Si zéien also zweemol am Joer, am Hierscht (Oktober bis November) an am Virfréijoer (Februar-Mäerz) iwwer Lëtzebuerg ewech. Dobäi ginn all Joer tëscht 30.000 a 50.000 Hoergänse gezielt.[6] Meeschtens fléie s'iwwer d'Land ewech, nëmmen heiansdo loosse se sech do nidder fir ze raschten.[7]

All Hoergänsen déi am Hierscht iwwer Lëtzebuerg zéien, fléien op de Lac du Der, wou se Rascht maachen, a vu wou se duerno weider no Süden zéien. E klengen Deel vun hinnen iwwerwantert um Lac du Der.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Allgemeng Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Couzi L. & P. Petit, 2005. La Grue cendrée, Histoire naturelle d'un grand migrateur. Éditions Sud-Ouest, 189 S.
  • Limbrunner, Bezzel, Richarz & Singer, 2011. Enzyklopädie der Brutvögel Europas. Kosmos Verlag, 860 S. (Cf. S. 302-303).

Lëtzebuergesch Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grus grus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. La Grue cendrée, Histoire naturelle d'un grand migrateur (G. Archibald, Prange a Meine) S. 28 an 51
  2. Cramp, S. et al. (1980) Handbook of the birds of Europe, the Middle East and North Afrika.
  3. D'V-Formatioun hu se mat de Grogänse gemeinsam
  4. Buffon, G. Histoire naturelle des oiseaux
  5. Cf. Couzi & Petit 2005: 62 an der Literatur.
  6. (c), 2012. Kraniche über Luxemburg. Luxemburger Wort vum 29. Oktober 2012, S. 12.
  7. Vögel Luxemburgs, 2010.