Lagman

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lagman, Zalot an Téi an engem dunganesche Restaurant zu Bischkek, Kirgisistan

Lagman (usb. Lagʻmon/Лағмон, rus. Лагман, chin. 拉面) ass eng zentralasiatesch Zopp, déi mat speziellen Nuddelen, Fleesch (meeschtens Schof) a Geméis gemaach gëtt.

D'Nuddelen déi der Zopp den Numm ginn hu ginn net aus engem Deegflued erausgeschnidden, mee aus engem Deegklomp gezunn.

Jee no Regioun ënnerscheet sech d'Rezept, esou kommen z.B. an Nordafghanistan Ierbëssen dran, an d'Zopp ka sech och emol méi wéi en Deegwuereplat presentéieren. Bekannt ass se an deene meeschte Länner vun der fréirer Sowjetunioun an a China, als Nationalkascht gëllt se a Länner wéi Usbekistan a Kirgisistan.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen