Landschaftsarchitektur

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Ënner Landschaftsarchitektur versteet een d'Planifikatioun an d'Ëmgestaltung vum net bebaute Raum. Dozou gehéiere sämtlech Ausseraim wéi Parken, Sportplatzen a Fräizäitanlagen, ëffentlech Plazen a Gäert, awer och aner Fräiflächen am ländlechen an urbane Raum. Déi aktuell Landschaftsarchitektur definéiert sech selwer als eng ästhetesch-kënschtleresch Disziplin op naturwëssenschaftlech-technescher Basis, där hiert Zil et ass, ecologesch a sozial intakt Liewensëmfelder ze schafen.

Geschicht vun der Landschaftsarchitektur[änneren | Quelltext änneren]

An der Zäit virun 1800 war d'Aarbecht vun engem Landschaftsgäertner (méi spéit Landschaftsarchitekt genannt) ee Masterplang bzw. ee Gaardendesign fir Herrscherhaiser, fir Schlässer, fir kinneklech Grondstécker, fir religious Siten a fir Regierungshäiser op d'Bee ze stellen. Als Beispiller dozou sinn d'Aarbechte vum André Le Nôtre fir d'Schlass Vaux-le-Vicomte a fir d'Schlass vu Versailles ze nennen. Déi éischt Persoun déi vu Landschaft "Maache" geschwat huet war de Joseph Addison 1712. Dë Begrëff "Landschaftsarchitektur" ass 1828 vum Gilbert Laing Meason a sengem Buch On The Landscape Architecture of the Great Painters of Ital déi éischt Kéier benotzt ginn, de Meason huet besonnesch d'Relatioun tëscht der Architektur an der Landschaft bewonnert déi hien an der Landschaftsmolerei gesinn huet.

Landschaftsarchitekur ass 1863 déi éischt Kéier als professionellen Titel vum Frederick Law Olmsted benotzt ginn. De Beruff "Landschaftsarchitekt" gouf agefouert nodeem den Olmsted an d'Beatrix Farrand zesumme mat aneren d'American Society of Landscape Architects (ASLA) 1899 an d'International Federation of Landscape Architects (IFLA) gegrënnt hunn. Am 19. Jh. ass d'Stadplanung ëmmer méi wichteg ginn, zumools an der zweeten Hallschent, wou de Frederick Law Olmsted eng Rëtsch vu Parken ofgeschloss huet, déi e groussen Afloss op déi zukënfteg Praxis an der Landschaftsarchitektur haten. Dozou kann een zielen: den Central Park zu New York, de Prospect Park a Brooklyn, New York an de Bostoner Emerald Necklace Parksystem.

D'Landschaftsarchitektur huet sech iwwer Joren als eng Designdisziplin virunentwéckelt an huet op déi verschiddenst Mouvementer an der Architektur an am Design geäntwert. Landschaftsarchitekten beschäftege sech och an der haiteger Zäit mat erausfuerdernden a komplexen Problemer an beméie sech, mat contemporärem Design, Léisunge fir d'Masterplanung, d'Landschaft, an d'Gäert, ze fannen.

Dem Ian McHarg seng Aarbechte ginn als e wichtegen Afloss an der Professioun vun der moderner Landschaftsarchitektur a Landespanung ugesinn. A sengem Buch Design with Nature huet hien e System bekannt gemaach, duerch deen eenzel Layere ("Couchen") vun engem Site analyséiert ginn. D'Informatioune vun dëse Layere maachen et méiglech, déi qualitativ Attributer vun dësem Site ze verstoen an mat deene weiderschaffen ze kënnen. Dëse System war ee Grondsteen zu dem haitege Geo-Informatiounssystem (GIS). De McHarg gëtt all de qualitativen Aspekter vun engem Site ee Layer, wéi Hydrologie, Topographie, Vegetatioun, Geschicht, etc. D'GIS-Software gëtt haut an der Landschaftsarchitektur gebraucht fir Materialien an oder op der Äerdiwwerfläch z'analyséieren.

Aarbechtsfelder[änneren | Quelltext änneren]

Landschaftsarchitektur ass e multidisziplinärt Feld, se enthält Theme wéi: Botanik, Hortikultur, Konschtwëssenschaft, Architektur, Industriedesign, Geologie, Buedemkunde, Ëmweltpsychologie, Ecologie, Ingenieurbiologie, Vegetatiounstechnik, Naturschutz, a Raumplanung. Den Handlungsberäich vun engem Landschaftsarchitekt geet vum Design vun ëffentleche Parken, dem Plange vun engem Site, vun engem Campus, oder vun engem Bürossite, vum Design vun engem residentielle Grondstéck a staatlechen Infrastrukturen iwwer de Management vu groussen a wëllen Arealer bis hin zur Sanéierung vun enger degradéierter Landschaft.

Déi wichtegst Kontributioun am Laf vun engem Projet kann direkt am Ufank erbruecht ginn duerch Iddien, déi technesch Verständnisser, kreativen Design an Organisatioun mat sech bréngen.

De Landschaftsarchitekt stellt e Konzept op d'Been, a preparéiert de Masterplan, vun deem aus detailléiert Zeechnungen an technesch Spezifikatiounen ausgeschafft ginn. Aner Kompetenze sinn: Aschätzung vun den Auswierkunge vun engem Projet, Aschätzung an Iwwerpréiwung vu Projeten op d'Ëmwelt, a Gutachter bei Fachfroen iwwer Buedemnotzung. 

Den Ëmfang u Sujeten a Projeten, un deene Landschaftsarchitekte matwierken, ass immens grouss, hei eng kleng Opzielung vun e puer Beispiller vu Themeberäicher:

  • Plangen, Form, Ausmooss a Situéiere vun engem neie Bauprojet;
  • Design vun ëffentlechen Infrastrukturen;
  • Nohalteg Entwécklung;
  • Management vum Reewaasser, Grondwaasserureecherung, a Planzekläranlag;
  • Design vu Campus a Sitë fir ëffentlech Institutiounen a Regierungssiten;
  • Parken, Botanesch Gäert, Arboretum, Grünstreifen, an Naturreservater;
  • Erhuelungssiten, Spillplazen, Golfterrainen, Themeparken, a Sportsplazen;
  • Plange vun enger Wunngéigend, Industrieparken a Handelsentwécklungen;
  • Design a Masterplanung vu privaten an residentielle Grondstécker;
  • Autobunnen, Transportinfrastruktur, Brécken, Konzepter fir Foussgänger, Velosfuerer a Parkplazen;
  • Urban Design, Duerf- a Stadplazen, Flossuferen/ Hafegebidder;
  • Plangen an Design vu grousse bis klengen urbanen Erneierungen;
  • Naturparken, Touristendestinatiounen, a Sanéierunge vun historesche Landschaften an historesche Gäert, Gutachten an Erhalungsstudien;
  • Waasserreservoiren, Dämm, Kraaftwierker;
  • Ëmweltaschätzung a Landschaftaschätzung, Beroden a Virschléi fir d'Landmanagement;
  • Entwécklungen un der Küst;
  • Ecologeschen Design.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Landschaftsarchitektur – Biller, Videoen oder Audiodateien