Loftraumkontrollzentrum

Vu Wikipedia
De Loftkontrollzentrum vu Washington

E Loftraumkontrollzentrum (eng. Area Control Center, ACC) ass eng Fluchsécherungszentral, déi alleguer d'Fligeren am zougewisene Loftraum (eng. Area of Responsibility, AoR) guidéiert a mat alle relevanten Informatioune versuergt.

D'Aufgabe vun engem ACC gëlle bis zum FL 245 (24.500 Fouss). Wann e Loftraum iwwer FL245 iwwerwaacht gëtt, dann heescht de Loftraumkontrollzentrum Upper Area Control Center (UACC).

Aufgab[änneren | Quelltext änneren]

D'Fluchlootse vun engem Loftraumkontrollzentrum leeden de Fluchverkéier iwwer Uweisungen (Permissiounen), déi iwwer Spriechfunk oder direkt Dateniwwermëttlung (Data Link) un d'Piloten iwwermëttelt ginn. Fir déi visuell Duerstellung vum Loftverkéier op Ecrane ginn de Lootse Radar- resp. satellitegestützt Erfaassungssystemer zur Verfügung gestallt. Vill weider technesch Systemer, wéi zum Beispill buedem- oder bordgestützt Kollisiounswarnsystemer ënnerstëtzen d'Aarbecht.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den zougewisene Loftraum vun engem Loftraumkontrollzentrum kann e Fluchinformatiounsgebitt, nëmmen en Deel dovun, oder souguer e puer Fluchinformatiounsgebidder sinn. An all ACC gëtt et een oder méi Secteuren (Zoustännegkeetsberäicher), woubäi all Secteur e bestëmmten Deel vum AoR duerstellt a vun zwee Fluchlootsen (ee fir d'Kommunikatioun mat de Piloten an een donieft fir d'Koordinatioun mat de Nopeschsecteuren) kontrolléiert gëtt.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Loftraum iwwer Lëtzebuerg ass vertikal an zwee Fluchinformatiounsgebidder opgedeelt a gëtt vun dräi Loftraumkontrollzentralen aus iwwerwaacht. Dat sinn:

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland huet dräi Loftinformatiounsgebidder bis FL245 mat Zentralen (ACC) zu München, Bremen a Langen) a gehéiert zu zwou UIR (iwwer FL245) mat Zentralen zu Karlsruhe an zu Maastricht. Déi dräi ACC an d'UACC Karlsruhe gi vun der Deutsche Flugsicherung (DFS) bedriwwen. D'UACC Maastricht ass an der europäescher Flugchsécherungsverwaltung e besonnesche Fall a gëtt vun der europäescher Fluchsécherungsagentur Eurocontrol bedriwwen. Dëse Kontrollzentrum kontrolléiert déi iewescht Loftraim vun de Beneluxstaaten an iwwer Nordwestdäitschland.

Éisträich[änneren | Quelltext änneren]

Éisträich huet en ACC zu Wien, dee vun Austro Control bedriwwe gëtt.

Schwäiz[änneren | Quelltext änneren]

D'Schwäiz huet ee Fluchinformationsgebitt dat an zwéi Beräicher opgedeelt ass mat Zentralen zu Zürich an zu Genf, déi vu Skyguide bedriwwe ginn.

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich heeschen déi regional Kontrollzentren Centre en route de la navigation aérienne (CRNA), si iwwerwaachen hir respektiv FIRe bis op eng Héicht vun 19.500 Fouss. Alles wat iwwer där Héicht läit gehéiert an en enzeegt iewescht Informatiounsgebitt. (UIR)

Et gëtt där fënnef a Frankräich:

Si gi vun der Direction des Services de la navigation aérienne iwwerwaacht a bedriwwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëtzebuergesche Loftraum bei Belgocontrol