Luzifer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Luzifer als Le génie du mal
an der Kathedral Saint-Paul vu Léck
Skulptur vum Guillaume Geefs.

Luzifer oder och Lucifer ass de laténgeschen Numm fir d'Venus, och de Moiesstär genannt. Wuertwiertlech iwwersat heescht e Liichtbrénger (lat. lux, "Liicht a ferre, "droen, bréngen"). Iergendwann ass deen Numm dann och als Numm vum Däiwel/Satan iwwerholl ginn.

Réimesch Mythologie[änneren | Quelltext änneren]

An der réimescher Mythologie war Luzifer eng poetesch Bezeechnung fir de Moiesstär, de Planéit Venus. Et war eng wuertwiertlech Iwwersetzung vum griichesche Phosphóros ("Liichtbrénger"), dësen Numm koum z. B. am Homer senger Odyssee vir. Och gouf den Numm a Verbindung mat der Gëttin Venus bruecht.

Chrëschtentum[änneren | Quelltext änneren]

Am Chrëschtentum gëtt et verschidde Quellen déi eis Saachen iwwer de Luzifer verzielen.

Luzifer als Moiesstär[änneren | Quelltext änneren]

Op ville Platzen an der Vulgata, am Buch Hiob oder am Buch vun de Psalmen gëtt den Numm Luzifer fir de Moiesstär benotzt. Am Neien Testament geschitt dat awer nëmmen eng Kéier.

An der Offenbarung vum Johannes bezeechent de Jesus sech selwer als "stralende Moiesstär (lat. stella splendida matutina), dowéinst hu fréi Chrëschten geduecht datt Luzifer een Numm vu Christi wier. Beleeër dofir sinn ënner anerem d'Lidd carmen aurorae oder den Numm vum Hellege Lucifer, engem Bëschof aus dem 4. Joerhonnert.

Jesaja[änneren | Quelltext änneren]

Am Buch Jesaja gëtt vum Héichmut vum Kinnek vu Babylon verzielt, deen an den Himmel opsteige wollt fir sech iwwer Stäre vu Gott z'erhiewen. Duerno fält en awer erof an en déift Lach bei déi Doudeg. Do gëtt dëse Kinnek och mam schéine Moiesstär verglach, dee vum Himmel gefall war.

De Liichtbrénger Lucifer gouf och am Buch Ezechiel mat der Iddi vum gefalenen Engel zesummebruecht. Och wann en do nëmmen als allegoresch Bezeechnung fir de Kinnek Tyrus benotzt gouf, sou gouf dësen awer no enger Sënn vu sengem Bierg gestierzt an ënnen ukomm, ass ee Féier aus em erausgebrach. Dat ass eng Analogie zum Hällestuerz.

Vum Lutbrénger zum Satan[änneren | Quelltext änneren]

De chrëschtleche Geleierten Origenes huet de Moiesstär Phosphóros-Luzifer déi éischt Kéier mam Däiwel-Satan verglach. Hien huet behaapt datt de Luzifer probéiert huet sech mat Gott gläichzestellen an dann als himmlesche Geescht an den Ofgrond gestierzt ass. D'Kierchepäpp Tertullian, Cyprian, Ambrosius an nach e puer anerer hu sech dëser Opfaassung ugeschloss, während den Hieronymus, den Cyrillus vun Alexandrien an den Eusebius an dem Jesaja senger Prophezeiung nëmmen eng mystifizéiert Versioun vum Doud vum babylonesche Kinnek gesinn hunn.

Dunn am Mëttelalter ass de Luzifer wéinst der Profezeiung vum Jesaja an engem Test vum Lukas (Stuerz vum Satan) och am offizielle kierchleche Sproochgebrauch zum Satan ginn.